Dat ganz geschitt am Kader vun enger internationaler Initiative, an där insgesamt eng 60 Millioune Barrel op de Marché kommen. Doduerch, datt méi Ueleg um Marché ass, soll d’Präisdeierecht beim Pëtrol gedréckt ginn. D’USA leeën dozou 30 Millioune Barrel bäi.
ëm 6,3 Cent op 1,65 Euro de Liter - een neien Héchststand.
Eng Rei Schëffer, déi Pëtrol transportéieren, sinn den Ament am Schwaarze Mier blockéiert, wat de Präis och nach emol kéint an d’Luucht dreiwen. Länner aus der internationaler Energieagence mussen 90 Deeg Reserve vun hirem eegene Verbrauch hunn, esou den Energieminister Claude Turmes:"Et ass elo virgesinn, dass all Land 3 Prozent - also quasi dräi Deeg vun de Reserven - op de Marché bréngt. Da géing analyséiert ginn, ob déi Strategie eppes bruecht huet an ob een eventuell nach e méi groussen Undeel vun de Reserve sollt fräischalten.”Wa méi Reserve sollten op de Marché bruecht ginn, wier et natierlech och wichteg ze consideréieren, wéi séier een déi Reserven nees kéint opbauen. Koordinéiert gëtt dat den Ament zu Paräis vun der Internationaler Energieagence. Ee Facteur, deen nach onkloer ass, ass wéi déi aner Länner, déi Pëtrol produzéieren, reagéieren. Och si kënnen de Präis nämlech beaflossen.Den Ament ass d’Stroumversuergung an der Ukrain nach stabil, ma et gëtt awer gefaart, dass sech d’Situatioun kéint verschlechteren. Lëtzebuerg hëlleft mat fir ze garantéieren, dass an de nächste Woche genuch Stroum do ass. De Simeon Hagspiel, héije Beamten am Energieministere:“Op der enger Säit géing gekuckt gi fir der Ukrain kuerzfristeg Generatoren zur Verfügung ze stellen. D’Creos an d’Post hëllefen dofir mat. Op der anerer Säit gëtt mat der Creos gekuckt, fir den Ukrainesche Stroumsystem un den europäesche Stroumsystem unzeschléissen. Dat bréngt technesch Defie mat sech, bitt der Ukrain awer eng méi grouss Versuergungssécherheet. Dofir hätt een sech am Energieconseil e Méinden och fir dës Mesure agesat.”
Un engem grousse Reseau ugeschloss ze sinn huet de Virdeel, dass ee punktuell Schwankunge besser aushalen a geréiere kann. Den europäesche System ka fir d’Ukrain deemno genee déi Stabilitéit assuréieren.Den Uschloss vun der Ukrain war u sech scho virum Krich geplangt, gouf elo awer wéinst der aktueller Situatioun acceleréiert. Bis Mëtt vum Mount leeft d’Analyse nach. Zum Beispill kéint et sinn, dass Instabilitéiten aus dem ukrainesche System an deen europäeschen iwwer ginn. Dowéinst muss nach gekuckt ginn, wat laangfristeg méiglech ass.Fir d’Aggregater, also fir eng kuerzfristeg Léisung, déi punktuell wou et néideg ass Stroum produzéiere kann, gëtt sech en Donneschdeg schonn eng Äntwert erwaart. D’Connectioun un d’europäescht Netz ass par contre méi komplex an dauert dogéint och méi laang.

Le Luxembourg met en circulation des stocks de sécurité de pétrole (03.03.2022) | |
| |
| |
Dans le cadre de l’envolée du prix du baril et de l’impact potentiellement significatif de l’invasion russe de l’Ukraine sur l’approvisionnement des marchés en pétrole et produits pétroliers, le Conseil de direction de l’Agence internationale de l’énergie (AIE) a adopté un plan coordonné de prélèvement des stocks d’urgence pétrolière, afin de parvenir à une mobilisation des stocks à hauteur de 60 millions de barils. Le Luxembourg participe à cette action conjointe volontaire visant la mise en circulation de stocks de sécurité de pétrole, à hauteur de 108,685 kb de produits pétroliers. Le Grand-Duché rejoint ainsi la majorité des pays membres de l’AIE, dont notamment les États-Unis, l’Allemagne, la France, ou encore les Pays-Bas. Le ministre de l’Énergie, Claude Turmes, a précisé: «Le marché du pétrole est un marché globalisé. La participation du Luxembourg au plan de prélèvement des stocks d’urgence pétrolière est une évidence afin de soutenir l’action collective organisée par l’Agence internationale de l’énergie. À l’heure actuelle, la sécurisation de l’approvisionnement en pétrole et la stabilisation des prix sont une priorité pour le gouvernement.» Dans ce cadre, le ministre de l’Énergie a également annoncé que le Luxembourg soutiendra les efforts européens en faveur de la synchronisation du réseau électrique ukrainien avec le réseau européen. |