Déi lescht Rees ass dacks eng eng Qual an d’Schluechtkonditioune sinn desolat. De Grand-Duché reagéiert a verbitt den Export vu liewegem Schluechtvéi iwwer d’EU-Grenzen eraus. Den neie Landwirtschaftsminister Claude Haagen huet dat en Dënschdeg de Moien annoncéiert. D’Landjugend a Jongbauere wieren nach gären e Schrëtt méi wäit gaangen.
An der Praxis betraff sinn Notzdéieren ewéi Ranner, déi alt op Schëffer bis an Nordafrika transportéiert ginn, fir dann do geschluecht ze ginn. D’Thematik suergt schonn zënter enger Zäit fir vill Kritik, och eng EU-Enquêtëkommissioun war en place gesat ginn.
Lëtzebuerg wëll elo Pionéier sinn an déi Transporter verbidden, sou den neien LSAP-Landwirtschaftsminister Claude Haagen: Mir wäerte Virreider sinn a keng Autorisatioune méi iwwer d’Veterinärsinspektioun ausstellen, fir datt Schluechtdéiere bausst der EU kënne geschluecht ginn. Dat wäert iwwer eng instruction ministérielle geschéien a vum 1. Mäerz u gëllen.
An der Praxis goufen et allerdéngs souwisou schonn net méi vill där Déierentransporter vu Lëtzebuerg erfort an Drëttlänner. An de leschte 5 Joer waren et 271 Ranner.
Den annoncéierte Changement geschitt an der Suite vun enger Petitioun, déi d’Landjugend a Jongbauere lancéiert haten an déi ronn 5.000 Mol ënnerschriwwe gi war.
De President vun der genannter Associatioun seet sech an enger éischter Reaktioun zefridden, datt d’Petitioun e Suivi krut, ma de Problem géif awer just zum Deel geléist ginn, sou de Luc Emering: Wa mer lo e Béischt vun hei an en anert Land exportéieren, huet dat Land fräi Hand, mat deem Schluechtvéi ze maachen, wat et wëll. Mir hätte gären en ‘Eintrag’ op de Pass, sou wéi op enger groer Kaart vun engem Gefier. Wann do drop steet, datt dat Béischt just an EU-zertifiéierte Schluechthaiser däerf geschluecht ginn, da muss all Land sech och dorunner halen.Den zoustännege Minister huet an deem Kontext versprach, fir dat mam Pass wëllen z’iwwerpréiwen.
2023 gëtt déi entspriechend europäesch Gesetzgebung op de Leescht geholl. De Grand-Duché wëll sech och op europäeschem Niveau fir e bessert Déierewuel asetzen, sou heescht et nach aus dem Landwirtschaftsministère.
D’Zuuchtdéiere si vun der genannter instruction ministérielle iwwregens net betraff.
Le Luxembourg interdit les exportations vers des pays tiers d’animaux vivants aux fins d’abattage à partir du 1er mars 2022 (22.02.2022)
Communiqué par : ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural
Claude Haagen, ministre de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural, a annoncé aujourd’hui, le 22 février 2022 la fin des exportations d’animaux vivants du Grand-Duché vers des abattoirs situés dans des pays tiers à partir du 1er mars 2022.
Cette décision de principe est pionnière en Europe et vise à prévenir tout futur transport d’animaux vers des abattoirs extracommunautaires, même si, au cours des cinq dernières années (2017-2021), seulement 271 bovins luxembourgeois ont été exportés du Grand-Duché de Luxembourg à l’abattage vers des pays tiers.
D’après Claude Haagen, «l’agriculture durable de haute qualité que nous visons se doit d’ambitionner les plus hauts standards de protection animale». La nouvelle interdiction est, d’une part, la suite conséquente d’une priorité politique qui place la défense du bien-être animal en haut de l’agenda, et, d’autre part, elle répond aux attentes du secteur agricole et des citoyens soucieux de conditions de vie dignes pour tous les animaux.
La décision fait du Grand-Duché un pionnier en Europe en matière de gestion nationale des transports d’animaux vers des abattoirs extracommunautaires. Elle vise à améliorer la protection du bien-être des animaux luxembourgeois, et à solidariser les autres pays européens avant l’échéance de 2023, à laquelle la Commission européenne révisera la législation communautaire relative au transport d’animaux vivants. Dans ce contexte, le rapport final de la commission d’enquête du Parlement européen sur la protection des animaux pendant le transport propose également de limiter les trajets pour les animaux destinés à l’abattoir, et d’harmoniser les normes de bien-être animal. Enfin, la récente pétition de l’association Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren demande à interdire l’abattage du bétail luxembourgeois dans des abattoirs non agrées aux normes de l’UE.
Au sein du Conseil des ministres de l’Agriculture européens, le Luxembourg revendique depuis longue date une règlementation en faveur d’un bien-être animal plus ambitieux et une limitation de la durée maximale des transports animaliers en Europe.
Au sein du Conseil, le ministre Claude Haagen entend plaider en faveur d’une interdiction d’exportation harmonisée d’animaux vers les abattoirs dans les pays tiers.