Den däitsche Bundeskanzler huet vun enger “Zeitenwende” geschwat. Och Lëtzebuerg well an Zukunft méi an de Militär investéieren. Fir d’NATO-Verflichtungen ze erfëlle soll virop an Technologien investéiert ginn, wou Lëtzebuerg schonn e gewëssene Knowhow huet. E groussen Deel vum Material keeft d’Arméi selwer, iwwert en eegene Budget. D’Defense investéiert virop an Equipementer déi d’NATO brauch. Spezialiséiert huet sech d’Lëtzebuerger Arméi ënnert anerem an Opklärungsmissiounen.
Den onbemannte Solarfliger géif an déi Strategie passen. De Colonel Guy Hoffmann ass bei der Defense fir d’Material zoustänneg: “Mir hunn och aner Domäne wie Space, wou mer jo och eng grouss Lëtzebuerger Industrie hunn. Respektiv och am Cyber, wou mer ganz vill Expertise hunn, wou mer och dran investéiere fir ee Feedback zu Lëtzebuerg ze hunn.”
GovSat wier och esou ee Beispill - mat enger privat Entreprise stellt een NATO-Partner Satellitekapazitéiten zur Verfügung.
D’Expertise, déi et a verschiddenen Domänen zu Lëtzebuerg gëtt, gëtt international unerkannt. Den US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg Thomas Barret: “An der Zukunft gëtt et vill Opportunitéite fir militäresch Kooperatioun. A Lëtzebuerg ass immens staark dra Kooperatiounen anzegoen. Op et elo de Weltallsecteur ass, oder Iwwerwaachungskapazitéiten, do ass ee ganz staark. A Lëtzebuerg investéiert an nohalteg Technologien, et versicht een och ëmmer en ziville Notzen am Bléck ze hunn.”
Reconnaissance mat Dronen ass e Secteur, wou sech d’Lëtzebuerger Defense och an de kommende Jore wëll wieder spezialiséieren.