Am Finanzberäich zu Lëtzebuerg, also dem Secteur vun de Banken, de Fongen an den Assurancen, schaffe knapp 52.000 Leit, dovunner d’Hallschent an de Banken heiheem. E mécht en Drëttel vum PIB vum Land aus a 40 Prozent vun de Recettë vum Staat. Et ass definitiv ee wichtegen Deel vun der wirtschaftlecher Wirbelsail vum Land.
Inflatioun, Pandemie 2021 - Do kéint een denken, dass eis Finanzplaz den Hick kritt. Deem war net esou. Eleng um Niveau vun de Fonge gëtt ee Kapital vu ronn 6.000 Milliarden Euro geréiert. Zejoert koumen do bal 400 Milliarden derbäi. Reng d’Banke gekuckt, war et een Netto-Resultat vun iwwer 4,4 Milliarden, e Plus vu knapp 32 Prozent. Mat dozou bäigedroen hätten iwwerraschend d’Bourssen an d’Mesuren, déi Ugangs der Pandemie en place gesat goufen. Et ass een nees um Niveau vu virun der Pandemie. D’Banken hunn zejoert iwwer 800 Milliounen Euro u Steiere bezuelt.
D’Zuel vun de Banken am Grand-Duché ass awer iwwert d’lescht Joer erofgaangen. Suerge mécht d’Tatsaach, dass ëm déi 20 Prozent vun de Banken net méi rentabel sinn. Vun 123 sinn dat der 23. Do schaffen 3.000 Leit.
Wat d’Opportunitéiten an der Zukunft betrëfft, setzt een ënnert anerem op Digitalisatioun an nohalteg Finanzen.
Bei de Scholdzënse mécht ee sech am Secteur keng Illusiounen, déi ginn deemnächst erop. Zejoert hunn iwweregens 69 Prozent fir ee fixen Taux optéiert. Virun 10 Joer waren et nëmme 15 Prozent.
Op d’Fro ugeschwat, wat 3 Indextranchë bannent 12 Méint am Bankesecteur ausgemaach hätten, huet d’ABBL drop opmierksam gemaach, dass zu Lëtzebuerg iwwer 90% international Investisseuren aktiv wieren an d’Decisiounen net hei am Land geholl géifen.
Den Ukrain-Krich, dee sech jo am Bilan 2021 nach net erëmfënnt, kéint e Risiko fir d’Zukunft vun de Banke bedeiten. Weider Defisen an awer gläichzäiteg Opportunitéite fir de Secteur wieren d’Digitalisatioun an den Teletravail.