
Vum 14. Mäerz u brauche Staatsbierger aus sechs europäesche Länner kee Visa méi, wa si geschäftlech, touristesch, familiär oder fir den Transit a China reesen. Den neien Accord gëllt awer nëmme fir Openthalter fir bis zu maximal 15 Deeg. Bierger mat Päss aus deene 6 Länner, déi méi laang wéi 15 Deeg wëllen a China areesen, musse weiderhin eng Demande fir e Visa stellen.
Schonn zanter Dezember 2023 bitt d’Fluchgesellschaft China Southern Airlines Direktflich tëscht Lëtzebuerg a China un. D’Exemptioun fir e Visa ass, wéi d’chineesesch Ambassade an hirem Communiqué schreift, e weidere Schratt fir d’Reesen tëscht den zwee Länner z’erliichteren.
Grond fir d’Decisioun wier, sou d’Ambassade, d’Fërderung vum “ekonomeschen a kulturellen Austausch tëscht China a Lëtzebuerg”. Déi direkt Passagéierflich tëscht dem Grand-Duché an der Volleksrepublik China sinn, wéi et aus dem Schreiwes ervirgeet, déi rezentst Resultater vun der chineesesch-lëtzebuergescher Initiativ “Air Silk Road”, déi d’Relatiounen, d’Kooperatioun an d’Frëndschaft tëscht béide Länner verbessere sollen.
Schonn de leschten November hat China esou Mesurë fir d’Länner Frankräich, Däitschland, Italien, Holland, Spuenien a Malaysia geholl. Mat dëse Schrëtt soll den “ekonomeschen a kulturellen Austausch” tëscht de Staate gefërdert ginn.
RTL-News: Laangstreckefluch: Éischten Direktfluch vu China op Lëtzebuerg um Findel gelant
RTL-News: Mat liichter Verspéidung: Den 1. Passagéierfliger vu Lëtzebuerg a China ass vum Findel aus fortgeflunn