Et war e grousse Schock fir d‘Karmeliter-Schwëstere vu Lëtzebuerg wéi si viru ronn zwee Joer aus dem St. Gabriel Spidol zu Namitete am Malawi verdriwwe goufen. Dat no 65 Joer onermiddlechem Asaz.
D‘ONG “Eng oppen Hand fir Malawi”, déi zu deem Ament och zanter 30 Joer op der Plaz aktiv war, wollt weidermaachen - a si mécht weider. Awer ënnert enger anerer Form.
D‘Spidol vum Hellege Gabriel zu Namitete gouf 1959 vun den Zitha-Schwësteren, wéi se nach genannt ginn, gegrënnt. Eleng d‘Schwëster Justina Morn war 50 Joer am ostafrikanesche Land aktiv. Ma en neie Bëschof vun der Diözes Lilongwe hat d‘Zesummenaarbecht gekënnegt an d‘Schwëstere verdreiwe gelooss. Déi hu sech juristesch gewiert. D‘Affär ass um Geriicht, wéi d‘Schwëster Véronique Weis, d‘Vize-Presidentin vun der ONG “Eng oppen Hand fir Malawi”, erkläert.
“Dee Prozess ass nach am Gaangen. Dat dauert ewéi hei och méi laang. Hien ass an Appell gaangen a mir och. Déi Affär ass nach net ofgeschloss.”
Et ass e Schock, eng grouss Enttäuschung fir all déi bedeelegt. Och d‘Schwëster Véronique Weis bereit hiren Asaz awer net.
“Mir hunn honnertdausende, wann net Millioune Leit an der Zäit gehollef. Mä wann ee seet, dass en eis net wëll, sinn ech och net bereet, ze bleiwen an zeréckzekommen, egal wat d‘Geriicht um Enn decidéiert.”
D‘Spidol wär duerch dat joerzéngtelaangt Engagement gutt opgestallt. Ouni finanziell Ënnerstëtzung dreet awer de Verfall. Zum Leed vun de Patienten. Malawi ass en aarmt Land. An d‘Lëtzebuerger ONG wëll d‘Populatioun an de klengen ofgeleeënen Dierfer westlech vu Lilongwe net am Stach loossen, Véronique Weis:
“Mir hunn e bëssen iwwerluecht. Mir waren nämlech och aner Plaze kucken, déi méi wäit fort si vun der Diözes Lilongwe. Mir hunn awer festgestallt, dass dat hei eng Populatioun ass, déi wierklech méi Besoin huet a wou d‘Nout nach méi grouss ass, wéi do zu Namitete, wou mir virdru waren. Ech war elo scho véier mol do, zanter dass dat geschitt war. Ech muss soen, dass dat eng gutt Decisioun war.”
Et gouf eng lokal Partner-Organisatioun gegrënnt. Déi huet d‘Mataarbechter vun de Schwësteren aus dem Spidol iwwerholl. Dossieren a Material hu missen zeréckgelooss ginn. D‘Relatioun mat der Kierch gouf elo gekappt. D‘Schwëster Véronique bedauert dat. Gesäit awer och d‘Virdeeler:
“Hei sinn d‘Konditioune kloer. Du hues en Distrikt. An deem Distrikt si verschidden Departementer. Du hues d‘Konditioune fir d‘lokal ONGen op der Plaz. Du hues en nationale Plang, un deen ee sech muss halen. Malawi huet e Plang bis 2063 fir d‘Land virun ze bréngen. Doru muss ee sech halen. Et gi soss keng aner Aflëss méi.”
Kee Bëschof, kee Paschtouer kann hinnen dra schwätzen, wéi déi 1,2 Milliounen Euro, 80 Prozent vum Lëtzebuerger Kooperatiounsministère, eng 25.000 Euro vun der Gemeng Käerjeng an de Rescht Donen elo investéiert ginn.
“Dat si ganz einfach, mä wichteg Saachen: proppert Waasser aus de Pëtzen, d‘Waasser hygienesch stockéieren, richteg Toiletten, d‘Formatioun vu Baueren, Schoule bauen.”
An d‘Populatioun gëtt forméiert, fir all déi Verbesserungen och selwer mat ze realiséieren. Trotz engem battere Réckschlag bleift d‘Lëtzebuerger Kooperatioun am Malawi bestoen.