Etüd vun Henley & PartnersLëtzebuergesche Pass ënnert de fënnef Beschte weltwäit

RTL Lëtzebuerg
Enger Etüd vun Henley & Partners no gehéiert de Lëtzebuerger Pass zu deenen, mat deenen een ouni Visa an déi meeschte Länner kënnt.

Japan läit allerdéngs weiderhin op der Nummer 1. Als Japaner kann een der Etüd no ouni Visa an 193 vun den 227 iwwerpréifte Länner reesen. Déi zweet Plaz deele sech Singapur a Südkorea mat jee 192 Länner. Viru Lëtzebuerg leien op der drëtter Plaz zesummen Däitschland a Spuenien mat 190 Länner. Déi véiert Plaz, mat jee 189 Länner, deele sech deemno Lëtzebuerg, Italien a Finnland. Viru genee 10 Joer louch Lëtzebuerg am Ranking nach op der zweeter Plaz.

Och de britteschen an den amerikanesche Pass hunn iwwert déi lescht 10 Joer Plaze verluer. Si si vun der éischter Plaz am Joer 2013 op elo déi sechst, respektiv déi siwent Plaz gerutscht. Si leien domat ongeféier gläich op mat de Lëtzebuerger Nopeschlänner Frankräich (sechst Plaz) an der Belsch (siwent Plaz).

Am schlechtste placéiert sinn iwwerdeems Syrien, den Irak an Afghanistan. Mat engem afghanesche Pass kann ee just an 27 Länner ouni Visa areesen.

D’Etüd baséiert sech op Donnéeë vun der International Air Transport Association (IATA).

Back to Top
CIM LOGO