Finanzskandal an der Premier LeagueManchester City an 115 Punkten offiziell schëlleg gesprach

Tom Nols
An allen 115 Punkte vun der Uklo ass ManCity vun enger onofhängeger Liga-Kommissioun schëlleg gesprach ginn. Bis den 2. Oktober kann de Veräin an Appell goen.
Manchester City (mam Erling Haaland) ass an alle Punkte vum Finanzskandal schëlleg gesprach ginn.
Manchester City (mam Erling Haaland) ass an alle Punkte vum Finanzskandal schëlleg gesprach ginn.
© PETER POWELL/AFP

An engem Statement huet d'Premier League um Dënschdeg den Owend confirméiert, wat déi lescht Woch schonn inoffiziell gewosst war. Eng onofhängeg Kommissioun vun der brittescher Liga huet Manchester City an engem Finanzskandal an allen 115 Punkte vun der Uklo schëlleg gesprach. D'Verstéiss bezéie sech op den Zäitraum tëscht 2009 an 2018. Bis de Freideg, den 2. Oktober huet de Veräin Zäit, an Appell ze goen.

D'Kommissioun huet bei hirer Aarbecht constatéiert, dass de Veräin imaginär Geschäfter mat enger Rei kommerzielle Partner ofgeschloss hat a sech ausserdeem op änlech Geschäfter mat anere gestäipt huet, fir d'Recettë vum Veräin kënschtlech méi grouss ze maachen a seng Käschten erof ze setzen, sou d'Liga. Et geet ëm de konkrete Versuch, Käschte vu méi wéi 900 Millioune brittesche Pond am genannten Zäitraum erof ze kréien. Sou sollten d'Reegele vun der Liga ëmgaange ginn, heescht et am Communiqué.

Ausserdeem kritt de Veräin virgehäit, falsch duergestallte Joresofschlëss presentéiert ze hunn an déi tatsächlech Finanzlag virun de Préiwer an den Autoritéite verschleiert ze hunn. Donieft sollen d'Skyblues de sougenannte "Financial Fairplay" puermol, zum Deel wäit, iwwerschratt hunn. ManCity hätt och dacks géint seng Flichte verstouss, mat der Liga, op Basis vun hire Grondsätz, zesummen ze schaffen. D'Féierung vum Veräin wier wärend dem Prozess net komplett transparent gewiescht an hätt d'Ermëttlungen zum Deel souguer gehënnert.

Op der Homepage vu ManCity ass en offizielle Statement ze liesen. Dora seet de Club sech enttäuscht a gläichzäiteg iwwerrascht vun der Meenung vun der Premier League. De Veräin wier onschëlleg an hätt dofir Beweiser a wéilt an alle Beräicher géint d'Accusatioune virgoen. De Prozess vun der Liga wier a signifikante Punkten nach net ofgeschloss an de Club wäert sämtlech Weeër notzen, fir an Appell ze goen. Et hätt een aacht Joer laang all d'Ofleef vun der Liga erfëllt a respektéiert. Weider kéint een de Moment net kommentéieren.

Liest dozou och:

Back to Top
CIM LOGO