
Iwwert dës Erausfuerderunge gouf e Mëttwoch op enger Table Ronde, organiséiert vun der IP “Ipeople – Lët’z Talk” diskutéiert. Invitéiert waren do 5 Entrepreneuren aus dem Liewensmëttelsecteur.
Zu Lëtzebuerg hätt een d’Chance, dass ee fir d’Produkter, déi fir eise Marché geduecht sinn, nach genuch Lëtzebuerger Weess hätt, duerch déi Filière “produits du terroir”, déi entwéckelt gi wär. Et wär ee quasi autark, erkläert d’Carole Muller, CEO vu Panelux/Fischer. Mee e grousse Problem wier, dass d’Kontrakter net méi géinge agehalen ginn.
“Fréier hat ee Kontrakter an déi sinn agehale ginn. Haut ass den Drock op eis Fournisseuren esou grouss, dass mir ganz vill Fournisseuren, mat deene mer 20, 30 Joer zesummeschaffen an déi nach ni ee Kontrakt gebrach hunn, déi eis soen ‘mir liwweren iech net méi’. ‘Dir musst de Präis net acceptéieren, mee mir kënnen net méi liwweren.’ An ech mengen an där Situatioun, wou mer haut sinn, den Drock kënnt vun iwwerall. Den Drock kënnt vun eise Fournisseuren, vun eise Matières premières, mir fanne keng Leit, mir haten eng Index-Tranche. An dat ass einfach dat, wou mer haut musse kucken, wéi mer eis kënnen upassen. Natierlech huele mir als Betriber op eis Marge, mee de ganzen Drock do op eis Margen ze huelen, als Chef d’entreprises da kréien eis Entreprise Problemer.”
Donieft dierft een och de Facteur vun der Spekulatioun net vergiessen, deen d’Präisspiral natierlech weider géing an d’Luucht dreiwen, erkläert d’Christiane Wickler, Direktesch vun de Pall-Centeren a Presidentin vum Verwaltungsrot Cargolux. Si appelléiert donieft, net a Panik ze verfalen. Aktuell wär een an der Liewensmëttelbranche net um duebele vum Präis. Et géingen 15 Prozent bis Enn des Joers virausgesot ginn.

Et misst een als Entrepreneur och einfach d’Opportunitéite kucken. Effektiv hätt een do och schonn vill aus der Pandemie geléiert. Am Confinement hätt d’Brasserie hir Produktivitéit ëmgebaut, erkläert de Mathias Lentz, Direkter vun der Brasserie National.“Firwat fëlle mer fir d’éischt Bofferding op an dann duerno eng Battin an dann duerno Waasser. Firwat maache mir et net ëmgedréint? Dat heescht mir hunn eis Produktivitéit ëm 45 Prozent verbessert, wat jo super ass. Elo ass de Krich: d’Matières premières an d’Elektresch sinn an d’Luucht gaangen an elo sinn mer eis ëmgaangen z’iwwerleeën, wéi mer dat maache kënnen. Mir maachen elo Compteuren iwwerall. Musse mer ëmmer d’Heizungen uloossen? Kënne mer d’Luuchten ausmaachen? Maache mer Solar-Panelen? Dat heescht domadder kënne mer och Energie spueren. Dat heescht all déi Saachen, et muss een d’Opportunitéite kucken. A wa sech dat alles mol erëm calméiert huet, da si mir erëm am Viraus, well mer keng Panik gemaach hunn, mee d’Opportunitéite gekuckt hunn.”
An der Pandemie war d’Demande no Bioproduiten däitlech an d’Luucht gaangen. A grad elo, wou duerch den Ukrain-Krich keen Dünger erbäikënnt, wiere Bioproduiten jo vu Virdeel, mee d’Demande wier europawäit zeréckgaangen, erkläert den Ander Schanck Direkter vun Oikopolis, zu deenen och d’Naturata-Butteker a BioG gehéieren.
“Mir sinn hei zu Lëtzebuerg an engem Land, dat keng Skalen-Effekter huet. Dat heescht, mir sinn ëmmer deier an der Produktioun an doduerch kënne mer net ganz gutt konkurréieren, wann no de Präisser gekuckt gëtt. Dat heescht, mir verléieren elo e bëssen de gutt gedüngte Buedem ënnert de Féiss.”
D’Situatioun wier effektiv den Ament net evident, mee mir hätten hei zu Lëtzebuerg nach vill Chance. Nach eemol den Änder Schanck.
“Ech ka mech ëmmer domadder tréischten, egal wat ass, dat, wat an der Ukrain mat de Mënschen do geschitt, dat ass eng ganz aner Nummer wéi dat, wat eis geschitt a wa mir iwwer héich Präisser jammeren. Do muss een einfach aner Moossen hunn.”