Wat fir Perspektiven huet een als jonk Persoun hei zu Lëtzebuerg? Et gëtt jo villes, wat déi méi jonk Generatioun beschäftegt: Aarbechtsmaart, Logement oder mental Gesondheet. Wat sinn d’Suergen awer och d’Chancë vu Jonken tëscht 18-35 Joer hei am Land: Wat leeft gutt? Wou misst d’Politik usetzen?
Doriwwer diskutéiere mir e Samschden an der Emissioun Background am Gespréich. D’Invitéeë sinn d’LSAP-Deputéiert Claire Delcourt, den CSV-Deputéierten an Iechternacher Conseiller Ricardo Marques, an de President vun der Jugend-Sektioun vun der ADR, der Adrenalin, de Maksymilian Woroszylo.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
“Background am Gespréich” leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d’Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik “Radio” bei Emissiounen “Background” wielen.