CGDISAacht Blesséierter bei véier Accidenter am Laf vun e Freidegowend

RTL Lëtzebuerg
Vill ze dinn haten d'Rettungsekippe vum CGDIS vu Freidegnomëtte bis an den Owend eran.
Eng Ambulanz vum CGDIS
© Laurent Weber

Gläich fënnef Blesséierter gouf et bannent gutt 20 Minutten: Um 17.20 Auer gouf an der Märeler Strooss zu Märel e Cyclist vun engem Auto ugestouss a blesséiert, d’Rettungsekippen aus der Stad a vun Hesper waren hei am Asaz.

Um 17.37 Auer dann en Accident mat méi Gefierer op der N3 tëschent Alzeng a Fréiseng, hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn. Op der Plaz waren d’Secouriste vu Fréiseng, Keel an Diddeleng.

Bal zäitgläich gouf et en Asaz fir d’Rettungsekippe vum Réiserbann, Beetebuerg an aus der Stad: Um CR186 tëschent der Kockelscheier a Beetebuerg hat et tëschent zwee Autoe gerabbelt, woubäi och hei zwou Persoune verwonnt goufen.

E weideren Accident gouf et dann nach owes géint 21.45 Auer, dat op der A13 tëschent dem Beetebuerger Kräiz a Bireng. Och hei sinn zwee Gefierer aneneegerannt an et sinn dräi Persoune blesséiert ginn. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Beetebuerg an Diddeleng.

Back to Top
CIM LOGO