NohaltegkeetskommissiounLiewensqualitéit verbesseren, ëffentlechen Transport vernetzen

RTL Lëtzebuerg
D'Parteie ware sech eens, datt eppes misst geschéien, fir d'Mobilitéit ze verbesseren.

D'Zil ass et, d'Liewensqualitéit vun de Leit hei am Land an Zukunft ze verbesseren an den ëffentlechen Transport nach besser ze vernetzen, dat sot den Vizepresident vun der Nohaltegkeetskommissioun vun der Chamber an DP-Deputéierte Max Hahn en Donneschdeg de Moien um RTL-Mikro.

Um Krautmaart war nämlech eng Orientéierungsdebatt iwwer grouss Infrastrukturprojeten, déi dëst Joer ufänken. Eng 24 Projete si geplangt, dorënner de Bau vu Busspure wéi tëscht dem Waldhaff an dem Kierchbierg oder dem Waldhaff a Gonnereng, den Ausbau vum Tram a Richtung Stroossen an op de Findel, grad ewéi de Reamenagement vum Echangeur Sennengerbierg.

De Käschtepunkt vun deene Projete läit tëscht 10 a 40 Milliounen Euro. Domadder wéilt ee virun allem d'Mobilité douce virubréngen an den Duerchgangsverkéier aus den Uertschaften erauskréien. Den DP-Deputéierte Max Hahn gesäit d'Ursaache vun de Problemer vun haut an der Vergaangenheet, well eben ëmmer méi Leit op Lëtzebuerg komm wieren, an d'Léisung wier net een eenzege Projet, ma e ganzen Ensembel aus lauter klenge Puzzlestécker.

De Max Hahn

Zum Beispill wier den Ausbau vum Tram a Richtung Stroossen een vun de wichtegste Projeten, well een domadder géif erlaben, manner Bussen duerch d'Stad fueren ze loossen, esou d'CSV. Elo géif een hoffen, datt déi Mesuren esou séier ewéi méiglech géifen ëmgesat ginn. Den CSV-Deputéierte Serge Wilmes betount, datt jiddereen drun interesséiert wier, datt d'Mobilitéit verbessert gëtt. Dofir géif et och keng Partei ginn, déi déi dote Mesurë radikal a fro stellt, och d'CSV net.

De Serge Wilmes

Mat deene Projete géif een awer net nëmme massiv an d'Infrastruktur investéieren, ma och den ëffentlechen Transport stäerken, heescht et vun der LSAP. Virun allem, wat de Pole d'échange um Houwald ugeet. Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana seet, datt een déi Projete bräicht, wann ee géif kucken, wéi Lëtzebuerg géif weider wuessen. Parteiiwwergräifend géif dann och an déiselwecht Richtung gezu ginn.

Den Dan Biancalana

Weider Projeten, déi virgesi sinn, sinn de Bau vum Pole d'échange zu Fréiseng, grad ewéi den Ausbau vun der Escher Autobunn tëscht Féiz a Leideleng, fir e méigleche séieren Tram vun der Stad op Esch.

Back to Top
CIM LOGO