Nach keng flächendeckend Covid-TesterLogisitik nach net prett, Servicer géifen nach net esou opgestallt ginn

Carine Lemmer
Dat huet den CSV-Deputéierte Claude Wiseler no der Sëtzung vun der parlamentarescher Gesondheetskommissioun festgehalen.

Jiddereen zu Lëtzebuerg soll op de Coronavirus getest ginn, dat geschitt de Moment mol net. Dat wat virun 2 Woche vun der Regierung grouss annoncéiert gouf, gëtt elo mol net Realitéit, sot no enger Sëtzung vun der parlamentarescher Gesondheetskommissioun en Dënschdeg de Moien den CSV-Deputéierte Claude Wiseler. D'CSV wollt Detailer kréien iwwer déi Tester a gouf an der Sëtzung wéineg gewuer. Et géif een net wëssen, wéi et weidergeet.

Getest gëtt elo mol net, sot den CSV-Deputéierte Claude Wiseler:

De Claude Wiseler iwwert d'Tester

Déi staatlech Servicer géifen am Ablack net fir déi flächendeckend Tester opgestallt ginn. D'Logistik wär nach net prett.

Enn Abrëll war jo ugekënnegt ginn, datt de Grand-Duché wéilt seng ganz Populatioun an d'Frontalieren op de Virus testen. 20.000 Tester den Dag kéint ee maachen. D'Realitéit wär awer elo eng aner, sou de Claude Wiseler.

D'CSV hat och hannerfrot, datt keng Ausschreiwunge fir déi Tester gemaach goufen. "Do krute mer keng zefriddestellend Äntwert", huet de Claude Wiseler gemengt, well d'Gesondheetsministesch un de Fuerschungsministère verwisen huet.

D'nächst Woch soll dowéinst den zoustännege Minister fir d'Recherche, de Claude Meisch, an d'Chamberkommissioun invitéiert ginn, fir Äntwerten ze ginn.

D'Regierung wollt jo d'ganz Populatioun teste loossen an huet entspriechend Commanden erausginn.

Och Reporter hat Enn Abrëll gemellt, et géinge sech vill Froe stellen iwwert d’Strategie vun der Regierung an iwwert d’Aart a Weis, wéi d’Commandë gemaach goufen, ouni Ausschreiwung an ouni Transparenz. Donieft wieren Test-Kitten, déi vun deem enge Laboratoire geliwwert goufen, an en Stock sinn, net kompatibel mat deenen, déi d'Krisecellule vun engem anere Laboratoire krut. Reporter schreift, d’Regierung misst am Fong nei Commandë maachen, mat awer natierlech enger anerer Method.

Prezisioune vun der Chamber

D'Logistik, fir déi ganz Populatioun op de Coronavirus ze testen, ass nach net prett. D'Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet dat den Dënschdeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun erkläert.

U sech war geplangt, datt an enger Woch – den 19. Mee – flächendeckend Tester vun all den Awunner a vun de Frontalieren op 17 Test-Statioune géifen ufänken. 20.000 Tester den Dag waren annoncéiert ginn.

D'Ambitioun wär nach ëmmer do, sot d'Ministesch, mä et wär een nach net prett.

D'CSV hat Detailer zu den Tester gefrot...och hannerfrot firwat et keng Ausschreiwung gouf. D'Paulette Lenert huet erkläert, datt d'Akafe vun den Tester iwwer den Haut-Commissariat à la protection nationale gelaf ass. Et hätt effektiv keng Ausschreiwung ginn, et wär eng Urgence-Prozedur gewiescht. Déi Ausnam wär just fir 3 Méint gutt, dono misst eng Ausschreiwung gemaach ginn.

D'Gesondheetsministesch huet un den aussergewéinleche Kontext erënnert: et wär deen Ament, den 9. Abrëll, just eng Offer um Marché disponibel gewiescht. An alle Länner hätten zu deem Zäitpunkt Tester gefeelt. Hei am Land wäre südkoreanesch Tester agesat ginn, déi manner performant ware wéi déi aktuell.

Back to Top
CIM LOGO