DiddelengLokomotiv 6 gëtt restauréiert

Christophe Hochard
55 Joer laang huet d'Lokomotiv 6 hiren Déngscht fir d'ARBED geleescht. 37 Joer no hirem leschten Asaz, gëtt déi 92 Joer al Lokomotiv elo restauréiert.
Diddeleng: Lokomotiv 6 gëtt restauréiert
55 Joer laang huet d’Lokomotiv 6 hiren Déngscht fir d’ARBED geleescht. 37 Joer no hirem leschten Asaz, gëtt déi 92 Joer al Lokomotiv elo restauréiert.

Mir sinn um fréiere Site vun ARBED Diddeleng. Méi genee am Zentralatelier.

Um Buedem, schéin zortéiert, leien d’Eenzeldeeler vun der Lokomotiv Numero 6. Si gouf 1930 gebaut a war bis 1985 op der Diddelenger Schmelz am Asaz. Am Hierscht d’lescht Joer koum si zréck an d’Forge du Sud, fir hei restauréiert ze ginn.

De Guy Clerf huet vun 1973 un op der Schmelz als Elektriker geschafft. D’Lok Nummer 6 huet hie vun dohier gutt kannt. Hie selwer huet och d’Reparaturaarbechten un dëser Maschinn duerchgefouert. Dëse Lokomotivschapp war dem Guy säin Doheem.

“Elektresch 6". Sou de Numm vun der Diddelenger Lokomotiv. Sou huet se ausgesinn, wéi se am September 2021 zeréckkoum. 45 Tonne schwéier mat 340 Päerd.Ronn 4 Méint war d’Ekipp amgaangen d’Lokomotiv an hir Eenzelstécker ze zerleeën. Bis Enn vun dësem Joer soll d’Maschinn nees komplett opgebaut sinn.

Déi eenzel Aarbechts-Schrëtt sinn ënnert der Ekipp opgedeelt. Den Emric ass zoustänneg fir d’Lackéieraarbechten un der Lok 6. Zanter 2 Méint ass hien heimat beschäftegt.

D’Käschte vun der Restauratioun belafe sech op 200 Dausend Euro.

Back to Top
CIM LOGO