Bezierk SüdenLSAP an CSV kënnen Erfolleger feieren, déi Gréng sinn de klore Walverléierer

RTL Lëtzebuerg
D'LSAP ass de klore Gewënner zu Stengefort an Déifferdeng. D'CSV feiert eng Victoire zu Mamer. Déi Gréng mussen deelweis grouss Verloschter astiechen.

Déi éischt definitiv Resultater vun enger Proporzgemeng aus dem Walbezierk Süden koume vu Stengefort. Hei konnt d’LSAP 2 Sëtz dobäi gewannen a sech mat insgesamt 7 vun 11 Sëtz déi absolut Majoritéit sécheren. Dem Samy Wagner vun de Stengeforter Sozialisten no hätt hie selwer net mat esou engem Resultat gerechent. Ma et hätt een déi lescht Legislaturperiod eng gerecht Politik gemaach a vill op Biergerbedeelegung an Inhalter gesat. Dat hätt wuel den Ënnerscheed gemaach.

De Samy Wagner vun der LSAP-Sténgefort reagéiert op dat gutt Walresultat
D’Sozialiste gewannen 2 sëtz dobäi a stellen elo zu Stengefor déi absolut Majoritéit.

Zu Mamerwar dann d’CSV de klore Walgewënner. D’Partei vum Buergermeeschter Gilles Roth gewënnt ee Sëtz dobäi a kënnt elo op 7 Sëtz am Gemengerot. Wéi de Gilles Roth um RTL-Mikro erkläert huet, hätt d’Koalitioun mat der LSAP e gudde Bilan virzeweisen a wier dowéinst vum Wieler confirméiert ginn. Dat huet och d’Francine Closner vun der LSAP esou gesinn. Fir d’LSAP wier et iwwerdeems gutt, dass een elo erëm déi zweetstäerkste Kraaft zu Mamer wier.

Zu Mamer gewënnt d'CSV ee Sëtz dobäi
Dem Buergermeeschter Gilles Roth no hätt d’Koalitioun zu Mamer e gudde Bilan virzeweisen an et wier een als CSV mat enger gudder Lëscht an d’Wale gaangen.

Zu Déifferdenghat sech scho fréi eng däitlech Victoire vun der LSAP ugedeit. Um Enn gewënnt d’LSAP hei 2 Sëtz bäi. Hiere Spëtzekandidat Guy Altmeisch huet schonn um fréie Sonndegowend vun enger grousser Victoire fir d’Déifferdenger Sozialiste geschwat. Dem CSV-Schäffen Tom Ulveling no hätt een natierlech gehofft, stäerkste Kraaft ze ginn. Ma et wier een zefridden domadder, 1 Sëtz dobäi kritt ze hunn an et kéint ee mam Resultat liewen.

Dem Guy Altmeisch no wier et elo un der LSAP fir mat deenen anere Parteien iwwer eng méiglech Koalitioun ze schwätzen.

Zu Déifferdeng deit sech eng Victoire vun der LSAP un
Den Tom Ulveling (CSV) an de Guy Altmeisch (LSAP) reagéieren op d’Tëscheresultater, déi um Site vun der Déifferdenger Gemeng publizéiert goufen.

De grousse Verléierer vun de Walen zu Déifferdeng sinn dann déi Gréng. Si kréie knapp 22 Prozent manner Stëmmen ewéi nach 2017. Dat bedeit e Verloscht vu 4 Sëtz am Gemengerot. Domat falen déi Gréng hannert d’DP zeréck, déi 1 Sëtz bäikréien. Dem Laura Pregno no hätten eng Partie Facteuren zum Stëmmeverloscht bäigedroen. D’Affär Gaardenhaischen an de Wiessel um Buergermeeschterposten hätte sécher eng Roll gespillt.

Zu Déifferdeng deit sech e massive Stëmmeverloscht fir déi Gréng un
Dem Laura Pregno no wier et net d’Resultat, dat ee sech erhofft hätt. Eng Rei Facteuren hätten zu deem schlechte Resultat bäigedroen.

Zu Esch-Uelzecht, der gréisster Gemeng aus dem Süde war et iwwerdeems enorm spannend. Um Enn konnt d’LSAP sech mat 57.719 Stëmme ganz knapp virun der CSV duerchsetzen. Déi Chrëschtsozial kommen zu Esch op 57.638 Wieler.

Eng kloer Affär war et dann zu Rëmeleng. Hei wannen d’Sozialisten 1 Sëtz bäi a kréien déi absolut Majoritéit zeréck, déi si 2017 verluer hunn. De Rëmelenger Buergermeeschter Henri Haine weist sech dann och deementspriechend zefridden.

Zu Rëmeleng huet d'LSAP déi absolut Majoritéit zeréckeruewert.
Dem Buergermeeschter Henri Haine weist sech ganz zefridde mat deem gudde Resultat vun de Rëmelenger Sozialisten.

Besonnesch batter war de Walowend fir d’Majoritéit zu Péiteng, wou den aktuellen Buergermeeschter Pierre Melina wuel nach mat an d’Walen goung, mä kloer war, datt hie kee Mandat méi wéilt unhuelen. Dat bréngt e Minus vun 12 Punkten an zwee Sëtz. De Romain Mertzig vun der LSAP läit um Enn souguer ëm 300 Stëmmen virum Deputéierte Jean-Marie Halsdorf, dee sech als neie Buergermeeschter gesinn hätt.

Deementspriechend enttäuscht war den CSV-Politiker och gëscht den Owend um RTL-Mikro.

Extrait Jean-Marie Halsdorff

De Walgewënner zu Péiteng sinn d’Piraten mat engem Plus vun zwee Sëtz, sou dass fir de Marc Goergen och kee Wee laanscht d’Piraten féiert, fir eng Dräier-Koalitioun mat der DP an der LSAP ze forméieren.

D’LSAP kéint allemol mam Romain Mertzig de Buergermeeschter stellen, Schäffen kéinte fir d’DP d’Barbara Agostino oder d’Marie-Louise Berens ginn an natierlech de Marc Goergen. 6 Sëtz ass dat schlechtst Resultat fir d’CSV zu Péiteng zanter iwwer 2 Joerzéngten.

De Schäffe Romain Mertzig (LSAP) ass beschtgewielten zu Péiteng
Den aktuelle Buergermeeschter Pierre Mellina (CSV) kënnt just op Plaz 4. Hannendru kënnt dann de Marc Goergen vun de Piraten.

Fannt hei dat komplett Walresultat vu Péiteng.

Hei fannt Dir den Iwwerbléck vun de Resultater vun alleguer de Gemengen.

Back to Top
CIM LOGO