Et war e stännegen Hin an Hier zu Esch! Um Enn huet d’LSAP déi meeschte Stëmme kritt, nämlech 57.719, géintiwwer 57.683 fir d’CSV. Deemno hu ganzer 36 Stëmmen den Ënnerscheed gemaach. Vill méi knapp konnt et deemno net ginn.
De Georges Mischo huet déi meescht Stëmme kritt (4.977), ma knapp hannendru kommen de Steve Faltz (4.514) an d’Liz Braz (3.953) vun der LSAP.
Nodeems d’Resultat bekannt gouf, war d’Freed zu Esch bei der LSAP extrem grouss.
An enger éischter Reaktioun sot de Steve Faltz sech um RTL-Mikro frou, datt de Wieler de Renouveau bei der LSAP ugeholl hätt. Fir hie war et deen Ament kloer, datt d’LSAP elo den Usproch misst hunn, fir eng Koalitioun ze bilden an de Buergermeeschter ze stellen.
E Sonndeg den Owend spéit gesäit et awer esou, wéi wann dorausser näischt géing ginn. Georges Mischo, Pim Knaff a Meris Sehovic hu kuerz virun 23.30 Auer op enger gemeinsamer Pressekonferenz matgedeelt, datt ee sech drop gëeenegt hätt, fir d’nächst Woch Sondéierungsgespréicher ze féieren.
Deemno kéint et sinn, datt d’Partei mat de meeschte Stëmmen, an dësem Fall d’LSAP, nees an d’Oppositioun muss.
Um Enn bleiwen d’LSAP an d’CSV bei 6 Sëtz. D’DP huet der weider 2. Déi Gréng verléieren 1 Sëtz an hunn der elo nach 2. Och déi Lénk verléieren 1 Sëtz a behale just nach 1. Dofir kommen d’Piraten an d’ADR nei an de Gemengerot.
De Schäffe Pim Knaff vun der DP war zefridde mam Verlaf vun de kuerze Gespréicher um Sonndeg: