
Zu Réiser bleift den Tom Jungen (LSAP) weider 6 Joer Buergermeeschter. D’LSAP hat ee Sëtz an domat déi absolut Majoritéit gewonnen. Si fueren dann och ouni d’CSV als Koalitiounspartner virun. Deemno ginn d’Bettina Ballmann an den Angelo Lourenço éischt an zweete Schäffen. Si waren Zweet- an Drëttgewielt.