
Den CSV-Spëtzekandidat huet e Frideg de Moien net just vun enger Kris am Logement geschwat, mee och an der Konstruktioun an am Handwierk. Et misst definitiv méi gebaut ginn, d’Offer misst méi grouss gemaach ginn an et misst Beweegung an de Logements-Marché kommen.
D’Prozeduren missten vereinfacht ginn, d’Kompensatiounsmesuren verschwannen, bei der Fiskalitéit missten strukturell Mesurë kommen an d’Leit missten erëm e Kredit bei der Bank kréien. Dofir misst eng urgent Reunioun mat de Banken gemaach ginn, huet de Luc Frieden ënnerstrach.