Et ass awer net ze verstoppen, dass een iwwerfuerdert ass, fir déi néideg Strukturen ze fannen, fir d’Leit ënnerzekréien. Och d’Gemenge schwätze vun enger grousser Erausfuerderung. De Méindeg de Moie war de Gemenge-Syndikat Syvicol zesummen. Et bleift vill ze dinn, fir d’Refugiéen anstänneg versuergt ze kréien, mee Verschiddenes géif awer och gutt lafen.
Besonnesch d’Scolarisatioun vun de Kanner d’lescht Woch hätt gutt geklappt, esou de Constat vum Syvicol. D’Gemengen hätte vill geschafft, vill preparéiert. Déi eng mol och méi ewéi anerer.
“Déi Gemengen, déi Europaschoulen hunn, si méi haart getraff ewéi anerer, well déi och musse kucken, fir nieft der schoulescher Betreiung déi Kanner och nach an enger Maison Relais ënnerzekréien. An do feelt et ewéi och scho virdrun un den néidege Capacitéiten.”, esou den Emile Eicher, de President vum Syvicol.
De Problem ronderëm d’Versuergungsstrukturen awer bleift bestoen. Den Opruff vum Ausseministère, fir just nach gréisser Strukturen, Strukturen, déi op d’mannst 100 Persoune kéinten ënnerbréngen, unzebidden, wier ganz schwéier ëmzesetzen.
“Et goufe jo och scho verschidde Saachen ugebueden, déi aus technesche Grënn, aus Sécherheetsgrënn, net konnten ëmgesat ginn. Et ginn och eng Rëtsch Gemengen, déi léiwer mat klenge Strukture schaffen an déi zur Verfügung stellen, respektiv baue loossen, wann den ONA, den Office national de l’accueil, dat wëll. Ech géif effektiv als Gemeng den Ament éischter op de Wee goen.”
Wuel wëssend, datt esou d’Problemer net direkt geléist kënne ginn. Ma esou hätt ee mëttel-, respektiv laangfristeg besser Solutiounen unzebidden.
Um Ordre du Jour stoungen awer och nach aner Punkten. Et ass ënner anerem ëm de Gesetzestext iwwer de Congé culturel oder och ëm d’Konditioune fir de Rekrutement fir d’Beruffspompjeeë gaangen.
No enger Paus vu bal 10 Joer gëtt de Congé culturel erëm agefouert. En erméiglecht et Leit, déi nieft hirer Aarbecht am Konscht- a Kulturberäich aktiv sinn, kënnen Deeg fräizekréien, fir u kulturellen a kënschtlereschen Evenementer deelzehuelen. Dëst gëllt souwuel fir de private wéi och fir den ëffentleche Secteur. De Gemengesyndikat begréisst déi nei Oplag vum Congé culturel.
“Et ass och extrem wichteg, datt d’kulturell Animatioun, déi awer hei am Land groussgeschriwwe gëtt och kann e bësse besser duerch d’verfügbar Zäit ka geréiert ginn. Et ass wichteg, dass een och drun denkt, datt hannert villen Associatiounen och eng Administratioun stécht, déi och sech permanent muss verbesseren. Och muss ee sech informéieren, wat et dobaussen um Marché gëtt, fir ëmmer nach méi performant ze ginn an deem ass elo Rechnung gedroe ginn, dat ass duerchaus positiv.”, esou den Emile Eicher.
Kritiséiert gouf um Congé awer, dass géing en Ënnerscheed gemaach ginn tëscht Gemengen- a Staatsbeamten.
“Dat ass ee klengen Ënnerscheed, deen haaptsächlech déi iewescht Karriär betrëfft, wou ee méi wéi 4 Mol de Mindestloun verdéngt, datt een do am Fong eng Perte hätt, wann ee lo congé politique géif huelen an net kompenséiert géif kréien. Dat fanne mer net richteg, well mer mengen, et soll een do de Staat ewéi och d’Gemengen d’selwecht behandelen. A wann dat elo nogeholl gëtt, da si mer och zefridden.”
E weidere Sujet war de Gesetzesprojet, deen d’Konditioune fir de Rekrutement an d’Formatioun fir Beruffspompjeeë reegelt. De Gemengesyndikat fënnt, dass genee dës Konditioune villäicht awer e bësse strikt wieren.
“Virun allem well d’Sproochekenntnesser am Fong méi streng kontrolléiert gi si wéi dat bei anere staatleche Plazen de Fall ass. Et soll lo no engem Schema lafen an do si mer absolut d’Accord. Do wou mer eis awer Gedanke maachen, dat ass bei deem sportleche Beräich. Ech menge jiddwereen, deen am Rettungswiese schafft, dee muss sportlech extrem fit sinn an do si mer éischter méi kritesch, well mer mengen, dass mer do d’Konditioune wierklech nach musse loosse wéi se elo waren.”