Analys Politolog Uni.luMacron a favorabeler Positioun, mä nach keng Victoire

Diana Hoffmann
De liberale President Emmanuel Macron ass mat engem knappe Virsprong de Gewënner an der éischter Ronn vun de franséische Presidentiellen.
© AFP/Ludovic MARIN

11/04/2022 Analyse Philippe Poirier Presidentiellen 12h20 (O

Op d'2. Plaz kënnt déi rietsradikal Marine Le Pen. Eng Wal mat Iwwerraschungen. D’Resultater vum Vott weisen, datt deen traditionelle Parteie-System a Frankräich ëmmer méi u Bedeitung ze verléiere schéngt.

Déi sozialistesch Kandidatin Anne Hidalgo an déi konservativ Republikanerin Valérie Pécresse kommen zesumme just nach op knapp 7 Prozent vun de Stëmmen. De Politolog vun der Uni Lëtzebuerg, de Philippe Poirier, mat senger Aschätzung zu dësem schlechte Walresultat:

“Et ass d’Enn vun de Partei-Strukturen, déi de Clivage nom 2. Weltkrich, an d’Geschicht vun der 5. Republik markéiert hunn. Et ass net d’Enn vun der Droite oder der Gauche, mee et ass d’Enn vun der sozialistescher Partei. D’Partei-Strukture vun enger republikanescher oder sozialistescher Partei sinn e Sonndeg den Owend gestuerwen.”

Wann dës Parteien nees wéilten u Bedeitung gewannen, misste si hir Programmer der reeller soziologescher Kompositioun vun der franséischer Gesellschaft upassen.

“Nei Äntwerte musse gebuede ginn, wat d’Ekonomie, d’Kafkraaft, d’Immigratioun, d’Ekologie, den Amenagement vum Territoire oder d’Positionéierung vu Frankräich an Europa ugeet”, sou de Poirier weider.

Frankräich huet e Sonndeg politesch Extremer gewielt. D’Hallschent vun de Leit, déi gewielt hunn, hu sech fir extrem lenks oder extrem riets Parteien decidéiert. Vill géinge sech och u gesellschaftlechen a soziale Froen entscheeden, ënnersträicht de Philippe Poirier:

“An der Traditioun vun der extrème Droite a Frankräich, gouf et ëmmer och eng Droite sociale, déi am Discours present war. Mam Marine Le Pen ass dëst elo nees de Fall, well se Äntwerten op Froen, wéi där no der Kafkraaft, der Revalorisatioun vun de Salairen oder der Gläichheet vun de Salairen tëscht Mann a Fra liwwert.”

Dem lénksextreme Jean-Luc Mélenchon wier et gelongen, déi Lénk ëm sech ze versammelen an hinnen eng nei Agenda ze bidden. D’Gauche a Frankräich wier, anescht wéi dacks behaapt, ni verschwonne gewiescht, seet de Politolog. Fir d’Stéchwalen de 24. Abrëll geet de President Macron als liichte Favorit an d’Rennen.

“Mee hien huet eng Schwieregkeet, déi méi grouss ass, wéi bei de Walen 2017. Hien huet keng grouss Reserve vu Stëmmen dës Kéier. Wéi wäert hien de sozialistesche Block vum Mélenchon mobiliséieren? D’Wieler vum Mélenchon wäerte sécher net fir d’Marine Le Pen wielen, mee se wäerten och net de Macron wielen.”

Doriwwer eraus ass d’Wielerschaft vun deene Parteien, déi sech no hirer Defaite fir de Macron ausgeschwat hunn, extrem kleng. Den aktuelle President muss also och Leit, déi am éischten Tour net gewielt hunn, fir sech mobiliséieren, a probéieren, Leit aus dem Marine Le Pen hirem Block ze gewannen. D’Marine Le Pen wier dogéint zwar am politesche System isoléiert, ma si kritt wuel d’Stëmme vum rietsextremen Eric Zemmour.

D’Sondagë soen dann e knappt Walresultat vu 56 zu 44 Prozent fir den Emmanuel Macron an der 2. Ronn viraus.

Back to Top
CIM LOGO