
Déi Strof gouf um Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht gesprach. Bei déi 5 Joer Prisong, 3 dovu mat Sursis, kommen nach eng Geldstrof vun 100.000 €, d'Restitutioun vu ronn 120.000 € an d'Confiscatioun vun engen 19 Milliounen € a vu Konschttableauen dobäi, wougéint d'Parties-civillen eidel ausgoungen, d.h. kee Schuedenersatz kruten.
Et war am Prozess ëm ronn 25 Milliounen € gaangen, déi den Ugekloten tëscht Januar 2007 a Mäerz 2010 soll ënnerschloen oder verschwent hunn, dat ë.a. zum Schued vun der Gesellschaft „Belval Plaza“.
De Beschëllegten, Manager vu 7 Multiplan-Sociétéiten, soll dës Sue vun deenen ofgezwackt hunn, déi hien ë.a. en Vue vun der Entwécklung vun de Projete Belval Plaza I, Belval Plaza II a Belval Plaza Tower op de Frichë vun Esch-Belval zur Verfügung gestallt krut.
D'Prisongsstrof vu 5 Joer, dovun 3 mat Sursis, läit ënnert der Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet: Deen hat a sengem Requisitoire 7 Joer Prisong mat deelweisem Sursis verlaangt, woubäi dee festen Deel méi héich sollt si wéi dee mam Sursis. Nawell war de Me Guy Loesch, Affekot vun enger Partie civile, nom Uerteelssproch zefridden doriwwer, dass et op penalem Plang zu enger Veruerteelung koum.
Déi gesprache Geldstrof vun 100.000 € läit dogéint wäit iwwert deenen 10.000 €, déi de Vertrieder vum Parquet gefrot hat. Doriwwereraus goufen ë.a. nach Confiscatiounen an Héicht vun eppes iwwer 19 Milliounen € a vu Konschttableauen ordonnéiert, wat ongeféier de Fuerderunge vum Parquet entsprécht.
Keng Satisfaktioun gouf et dogéint fir déi eenzel Parties-civillen, wat de Me Loesch erstaunlech fonnt huet an een dofir vun engem Appell vun de Parties-civille géint dat Uerteel ausgoe kann.