
D’Police hat schonn en Donneschdeg annoncéiert, datt een e puer Unitéiten an de Stadzentrum géif schécken, falls hei net ugemellte Manifestatioune sollten ofgehale ginn.
Géint 14 Auer e Freideg hate sech eng 30 Manifestanten um Knuedler versammelt. Déi Zuel ass no an no an d’Luucht gaangen, bis duerno eng honnert Leit op der Plaz waren. Dat Ganzt huet bis ronn 16 Auer gedauert an ass, esou d’Police, gréisstendeels friddlech bliwwen. Den Trafic ronderëm de Knuedler war vun der Manifestatioun net beanträchtegt.
Well dës Manifestatioun ausserhalb vum Perimeter, dee fir Maniffe virgesinn ass, ofgehale gouf, huet d’Police och verschidden Identitéitskontrollen duerchgefouert. Am Ganze goufen aacht Leit interpelléiert an eng Persoun krut e Procès-verbal wéinst Rebellioun.
D’Beamte wäerte weider am Stadzentrum bleiwen. Sollten d’Passanten oder d’Awunner Problemer bemierken, solle si déi um 113 mellen.