Stad LëtzebuergManiff géint Annexioun vu besate Gebidder am Westjordanland

Pierre Weimerskirch
Ugangs Juli wëll déi nei israelesch Regierung Gebidder am besate Westjordanland annektéieren. Weltwäit gëtt dëse Schratt staark kritiséiert.
Maniff an der Stad géint Annexioun vu Westjordanland
Ugangs Juli wëll déi nei israelesch Regierung Gebidder am besate Westjordanland annektéieren. Weltwäit gëtt dëse Schratt staark kritiséiert.

Den israelesche Premier Benjamin Netanyahu wëll dat besate Jordandall annektéieren. Schonn am Laf vun der nächster Woch kéinten éischt Schrëtter ageleet ginn. D'Annexiounspläng sinn en Deel vum sougenannte Friddensplang fir den Noen Oste vum US-amerikanesche President Donald Trump.

Déi lescht Deeg gouf et an de Palestinenser-Gebidder gréisser Maniffen, fir géint dës Pläng virzegoen. An e Samschdeg de Mëtteg war och op der Place Clairefontaine eng Maniff, zu där d'Vereenegung "Comité pour une Paix Juste au Proche Orient" opgeruff hat.

Iwwer 1.000 Deputéiert aus europäesche Staaten, dorënner och 10 Lëtzebuerger, hu sech géint dës Pläng ausgedréckt an och den UN-Generalsekretär Antonio Guterres huet Israel opgefuerdert, d'Annexioun falen ze loossen.

© Pierre Weimerskirch / RTL Télé Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO