Zwee Asätz op der GareMann attackéiert aner Persoun mat Glasfläsch, gepëtzten Déif beleidegt Beamten

RTL Lëtzebuerg
Op der Gare gouf et fir d'Beamte vun der Police en Donneschdeg am Nomëtteg zwee verschidden Asätz.
Eng Patrull vun der Police ënnerwee um Garer Quartier
© Laurent Weber

An der Mëttesstonn gouf op der Place de la Gare en alkoholiséierte Mann gemellt, dee soll versicht soll hunn, eng aner Persoun mat enger Glasfläsch ze blesséieren. De Beamte géigeniwwer huet hie sech onkooperativ verhalen, dowéinst gouf hien an eng Ausniichterungszell bruecht.

Op der selwechter Plaz gouf der Police e bësse méi spéit en Déifstall aus engem Geschäft gemellt. De presuméierten Déif konnt op der Plaz ugetraff ginn, och hie war staark alkoholiséiert. En huet sech de Beamte géigeniwwer immens onkooperativ verhalen an huet se och beleidegt. Wéinst dem Déifstall an och wéinst Beamtebeleidegung gouf Protokoll erstallt, de Mann koum iwwerdeems och an den Arrest.

Back to Top
CIM LOGO