
Wéi ëmmer, wann d'Sonn sech esou richteg am Grand-Duché weist, wäerten dëse Weekend nees vill Leit op de Stauséi fueren. Mat enger excellenter Waasserqualitéit, wéi um Site vum Waasserwirtschaftsamt ze liesen ass, och déi perfekt Plaz fir eng Ofkillung bei der Hëtzt.
Allerdéngs rappeléiert d'Police verschidde Reegelen, un déi sech ze hale sinn:
Fir d'Kontroll vun de Reegele wäert d'Police reegelméisseg um a ronderëm de Stauséi present sinn.
D'Schwammsaison zu Lëtzebuerg geet offiziell vum 1. Mee bis den 30. September. Wie sech net mat de Leit um Stauséi drécke wëll, kann och an de "Wämper Séi" zu Wäiswampech, den Iechternacher Séi oder d'Baggerweieren zu Rëmereschen schwamme goen.
Och hei gëtt reegelméisseg d'Waasserqualitéit kontrolléiert. Dës kënnt Dir um Site vum Waasserwirtschaftsamt nokucken.