Net ze berouegenMann geheit Clôturen ëm, beleidegt Polizisten a muss an den Arrest

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Samschdeg krut d'Police eng Partie Ausernanersetzunge gemellt. Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, hate sech d'Gemidder nees berouegt.
© Police (Archiv)

Dëst war awer net de Fall an der Stroossbuerger Strooss an der Stad. Géint 22.20 Auer hat d’Police gemellt kritt, datt sech Persoune schloe géifen. Op der Plaz konnt awer just eng Persoun ugetraff ginn, dës ass op der Strooss hin an hier gelaf an huet Ofspärgitter ëmgeheit. De Mann wollt sech duerch d’Beamten net berouege loossen. D’Polizisten hunn de Mann opgefuerdert, fir d’Clôturen nees opzehiewen, ma dëse war domadder net averstanen an huet d’Beamte beleidegt. Well hien eng Gefor fir sech an anerer war, koum hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest. E Protokoll wéinst Beamtebeleidegung gouf geschriwwen.

Eng Partie Abréch uechter Land

D’Police mellt dann nach eng Partie Abréch aus der Nuecht op e Samschdeg. Zu Steebrécken hunn Onéierlecher d’Fënster vun enger Terrassendier ageschloen. Doropshin ass den Alarm vum Haus lassgaangen an d’Täter hu sech iwwert en ugrenzend Feld duerch d’Bascht gemaach.

Och zu Schëtter sinn Abriecher duerch d’Terrassendier erakomm an hunn d’Haus duerchsicht. Dobäi hu se eng Partie elektronesch Apparater matgoe gelooss.

Back to Top
CIM LOGO