
Der Police war e Méindeg e Mann op engem Tramsarrêt an der Stad gemellt ginn, deen déi ëffentlech Rou gestéiert huet. De Mann war esou voll, datt hie sech kaum nach op e Been hale konnt. Wéinst der Gefor fir sech selwer an anerer hunn d’Beamten de Mann mat an den Arrest geholl, wou hie säin Dronk ausschlofe konnt.
Am Nomëtteg waren d’Polizisten aus der Stad dann nach op en Asaz um Hamilius geruff ginn. Hei wollt e Mann an engem Buttek e puer Fleeschwuere klauen, gouf awer dobäi vun engem Sécherheetsbeamten erwëscht. Op der Plaz hunn d’Beamten de presuméierten Täter ugetraff, dee protokolléiert gouf.
Méi spéit am Nomëtteg war iwwerdeem an engem Buttek zu Gaasperech eng Parfumsfläsch geklaut ginn. Och an dësem Fall gouf de Verdächtegen ugetraff a protokolléiert an et gouf eng “Fremdennotiz” erstallt.