Auslännesche Permis iwwerschreiwenMann kritt Recht, Ministeschdecisioune sinn z'annuléieren

RTL Lëtzebuerg
D'Verwaltungsgeriicht huet am juristesche Sträit ëm d'Iwwerschreiwe vun engem auslännesche Permis dem Nohaltegkeetsminister an 1. Instanz Onrecht ginn.
© RTL Archivbild

Den Tribunal administratif huet de Recours vun engem Mann als fondéiert ugesinn an d'Decisioune vum François Bausch aus dem September, Oktober an November 2017 annuléiert. Den Dossier muss och zréck bei de Minister.

E Mann, deen am Mäerz 2017 en thailänneschen Autos- a Motorsführerschäi kritt huet, hat an deem Joer am August gefrot, fir dee Permis hei am Land iwwerschriwwen ze kréien. Den Nohaltegkeetsminister war där Demande am September 2017 awer net nokomm. Am Oktober hat de Mann e Recours gracieux dogéint ageluecht, ma de François Bausch huet seng Decisioun dee selwechte Mount confirméiert. Am November hat de Mann e Recours gracieux heigéint ageluecht, deen de Minister den nämmlechte Mount allerdéngs op en Neits zréckgewisen hat. Am Dezember 2017 goung de Mann dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht.

Deem seng 1. Riichter halen an hirem Uerteel fest, dass engem Artikel vum entspriechenden Arrêté grand-ducal vun 1955 no Leit, déi net aus dem europäesche Wirtschaftsraum sinn, hire Führerschäi bannent engem Joer hei mussen iwwerschreiwe loossen. Dat Iwwerschreiwe kéint awer refuséiert ginn, wann den Titulaire dovun net zanter op d'mannst 6 Méint an deem Land gewunnt oder studéiert huet, dat de Führerschäin ausgestallt hat. Deem Artikel vum Arrêté grand-ducal no kënne Leit, déi net aus dem europäesche Wirtschaftsraum sinn, hire Führerschäin net bannent hiren éischte 6 Méint Residenz am Ausland ausstelle loossen, woubäi de Grond fir déi Differenzéierung net nozevollzéie wär. Andeems e fir d'Ausstelle vum Führerschäin also eng Residenzdauer vu méi wéi 6 Méint am Land, an deem een de Führerschäi mécht, fir Leit vu baussent dem europäesche Wirtschaftsraum verlaangt, ass den Artikel vum groussherzoglechen Arrêté vun 1955 contraire zum Artikel 10bis, Paragraf (1) vun der Verfassung.

Well deen Artikel vum Arrêté grand-ducal vun 1955 deemno z'ecartéieren ass, sinn d'Ministeschdecisioune vu September, Oktober an November 2017 z'annuléieren, sou den Tribunal administratif.

Back to Top
CIM LOGO