EschMann trotz Fuerverbuet an alkoholiséiert mam Auto ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg ass géint 3.40 Auer enger Patrull vun der Police en Auto zu Esch opgefall.
© Police

Wéi et am Police Bulletin heescht, wier den Automobilist mat sengem Gefier mat lueser Vitess an a Schlaangelinnen um Boulevard J.F. Kennedy ënnerwee gewiescht.

Bei enger Kontroll huet sech erausgestallt, datt de Chauffer staark alkoholiséiert war, hien den Ament kee gültege Fürerschäin huet an d’Gefier wéinst engem Fuerverbuet net hätt dierfe steieren. Den Auto gouf vun der Police beschlagnaamt an e Protokoll gouf geschriwwen.

Back to Top
CIM LOGO