Ëmdenken an der LandwirtschaftManner Fudder-Ubau, méi direkt fir de Mënsch?

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Ukrain-Krich riskéiere weltwäit eng 50 Millioune Mënsche méi ënner Honger ze leiden.

Ëmdenken an der Landwirtschaft / Reportage Raphaelle Dickes

Ënnert der Liewensmëttelknappheet wäerte virop déi méi aarm Länner leiden. Een Ëmdenke wier gefuerdert, seet d’Organisation SOS Faim.

De Fleeschkonsum reduzéieren, ass net just en effikasse Moyen, fir den CO2-Ausstouss ze reduzéieren, mä och fir géint den Honger an der Welt virzegoen, argumentéiert d’Marine Lebfèbvre vun SOS Faim.

Beaucoup de surfaces agricoles, en tout cas au Luxembourg, sont dévolus a l’élevage de bovins. On pourrait libérer ces surfaces pour nourrir directement les humains. Parce que nourrir des bovins cela occupe beaucoup de place agricole. Donc ça c’est un premier levier et c’est un levier essentiel.

Fir datt dës Ëmstellung gelénge kéint, misst eng Politik opgestallt ginn, déi d’Baueren dobäi ënnerstëtzt. Et ass sécherlech net onméiglech, nieft der klassescher Produktioun eng Filière ze entwéckelen, fir de Mënsch direkt ze ernären, seet de Luc Emering, President vun de Jongbaueren.

Mir sinn hei zu Lëtzebuerg op engem Grénglandstanduert. Mir hu kleng strukturéiert Akerflächen, mir si keng Akerbauregioun, do sinn aner Regioune vill méi virdeelhaft. Wat net heescht, datt mir näischt solle maachen, dat soll ganz kloer sinn.

De Christian Wester, President vun der Bauerenzentral, erkläert: “Gréngland, also Gras, Wisen, Weede déi sinn all per EU-Direktive geschützt. Mir kënnen net einfach esou op muer de Plou huelen, déi ëmdréinen a Kären dramaachen. An och bei de Käre selwer muss een eng gewëss Fruuchtfolleg anhalen, wann ee laangfristeg Erfolleg wëll hunn.

An där Fruuchtfolleg kéimen och Fruuchtkulturen, déi net fir de Mënsch gëeegent wieren, erkläert de Christian Wester weider. Et kéint een definitiv e bësse méi Uebst a Geméis ubauen, mä och dofir bräicht et en ënnerstëtzende Kader. “Mir musse jo och iergendwéi ekonomesch iwwerliewen a wann d’Politik normal Akerkulture, soen ech mol bësse verdäiwelt méi Gréngland gär hätt, well dat fir Biodiversitéit besser ass, fir d’CO2-Emissioune besser ass, fir d’Waasser besser ass jo, da kommen d’Kéi hannendrun, wann een dat wirtschaftlech sënnvoll wëll verwäerten.

2020 huet d’Gréngland eppes méi wéi 50% vun de landwirtschaftleche Flächen zu Lëtzebuerg ausgemaach. Bal d’Halschecht vun eisem Akerland war der Fudderproduktioun virbehalen. An Däitschland gouf virun 2 Joer op 60% vun der Agrarfläch Fudder ugebaut.

D’Hannergrënn iwwert de Krich an der Ukrain kuerz erkläert

Back to Top
CIM LOGO