Et ass keen anere wéi de Premierminister oder de Formateur, déi eraussichen, wien an eng Regierung geet, dat sot um Mëttwoch de Moien den CSV-Parteipresident Marc Spautz als Reaktioun op déi rezent Aussoe vu Viviane Reding a Luc Frieden. Déi zwee CSV-Politiker hu bei eis op der Antenn jo kloer gesot, op wéi engem Poste si sech am léifste géife gesinn, sief et an der Regierung oder zu Bréissel an der Kommissioun. Et soll een d’Fell awer net verdeelen ier de Bier erluecht ass, sou eisen Invité vun der Redaktioun um Mëttwoch de Moien. Dat heescht ier een iwwer Poste schwätzt, misste fir d’éischt emol d’Wahlen an net d’Sondagë gewonne ginn. An déi wieren eréischt de 14. Oktober.
Zum Contenu vun der Pressekonferenz vum Viviane Reding e Méindeg virun enger Woch, huet de Marc Spautz just gemengt, do wier all Politiker selwer fir sech responsabel. De Reproche d’Chamber géif d’Regierung net genuch kritiséieren, huet den CSV-Parteipresident iwwerrascht. Dee léisst de Marc Spautz och net gëllen. D’CSV-Vertrieder an der aussepolitescher Chamberkommissioun géifen hir Aarbecht gutt maachen.
Kee Wuert vum Marc Spautz, op wéi enger Lëscht d’Viviane Reding am Oktober matgeet. D’Decisioun vum Weiserot géif net virum Kongress de 24. Mäerz public gemaach ginn.
Tiers payant: CSV mat préjugé favorable
Bis de Moien hu méi wéi 7.300 Leit déi ëffentlech Petitioun fir e generaliséierten Tiers-payant-System beim Dokter ënnerschriwwen. De Marc Spautz sot seng Partei hätt e „préjugé favorable“ fir sou e System. Et missten awer notamment nach administrativ Froe gekläert ginn.
A Saache Fleegeversécherung fillt sech d’Partei mat hirer Oppositioun confirméiert.
Wann de Minister d'Reglement nobessere wëll, fir datt d'Leit awer nees kënnen akafe goen, dann ass dat eng gutt Saach, dat sot den CSV-Parteipresident. Betraffener a Copas hate jo besonnesch déi lescht Deeg kritiséiert, datt déi sougenannt Courses-sorties net méi an hirer aler Form accordéiert ginn. Eisen Invité vun der Redaktioun huet vu vill "Kuddelmuddel" am Dossier Fleegeversécherung geschwat, deen am Interessi vun de Betraffene misst gekläert ginn.
Gekläert missten och nach verschidde Saache beim Revis. De Marc Spautz huet d’Amendementer begréisst, déi dës Woch vun der Familljeministesch agereecht goufen, ma ass awer weider der Meenung, datt net genuch op d’Leit um Terrain gelauschtert gouf.
Invité en Donneschdeg no 8 Auer war de President vun der CSV, de Marc Spautz.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren