"Mir wëllen e gudden, awer virsiichtege Start, fir all d'Kanner", dat sot den Educatiounsminister e Freideg am fréien Nomëtten op enger Pressekonferenz zur Reprise vun den Aktivitéiten an der Spillschoul, de Crèchen an de Kompetenzzentere fir Schüler mat spezifesche Besoinen.
D'Reprise wär eng Erausfuerderung fir d'Elteren an d'Enseignanten, huet den Educatiounsminister de Freideg de Mëtten zouginn, et wär awer wichteg, déi Schoulen a Betreiungsstrukturen nees opzemaachen. De Claude Meisch huet vun engem enorm wichtege Schrëtt zeréck an d'Normalitéit geschwat a sech zouversiichtlech gesot fir déi Reprise an 10 Deeg.
Den Educatiounsminister ass och zouversiichtlech, dass et nom Secondaire och an den anere Klassen a Strukture klappe wäert. En Dënschdeg kréien d'Elteren Detailer iwwert déi sougenannte "Léierwoch".
De Claude Meisch ass sech sécher, dass d'Gemengen och mam zousätzleche Personal d'Betreiung assuréiert kréien. Well den Accueil an de Schoulen net assuréiert ka ginn, wëll een awer garantéieren, dass d'Kanner vu 7 Auer moies un am Schoulhaff kënne sinn an dass do eng Surveillance wäert sinn. Dat soll den Elteren et méiglech maachen, mat Zäit op der Aarbecht ze sinn. "Fir déi sanitär Bedingungen och do awer kënnen ze garantéieren, wäerte mer iwwer Enseignanten eng Surveillance vu 7 Auer un an de Schoulhäff assuréieren", sou de Claude Meisch.
Woumat den Demanden a Suergen aus de leschten Deeg a Woche géif Rechnung gedroe ginn, sou de Claude Meisch. Deen och d'Thema Ongläichheeten ugeschwat huet: "Well mer net jidderengem déi selwecht Chance op Bildung kënne ginn, well awer d'Situatioun doheem ganz staark duerchschléit an dofir mussen d'Diere vun de Schoulen eben nees opgoen an dat eben och fir all Mënsch."
Also och fir d'Kanner mat extrae Besoinen, déi och e Recht op Bildung hätten. "A si hunn och e Recht op déi Servicer, déi ganz spezifesch an héich qualitativ Servicer, déi an de Kompetenzzenteren ugebuede ginn, op déi der ze vill vun hinnen an deene leschte Wochen dach awer hu misse verzichten," sot den Educatiounsminister.
Wat d'Nees-Opmaache vun de Spillschoulen ugeet, hätt et verständlech Suerge ginn, awer och ënnerschiddlech Positioune vun de Gewerkschaften a vun der Elterevertriedung: "Dat ass vun "de Cycle 1 ganz zouloossen" gaangen, iwwert "den Elteren de Choix loossen", bis dach "w.e.g. nëmmen opmaachen, sou wéi mer déi aner Cyclen och opmaachen."
Et hätt een ënnert anerem op d'Stëmm vun der Wëssenschaft gelauschtert, festgestallt an ofgewien, wouropshin een zur Konklusioun koum, d'Spillschoulen nees opzemaachen. Spillschoulen, fir déi de Mond- an Nuesschutz ofgerode gëtt. "Et ass also net sou, dass mer de Kanner am Cycle 1 oder fir d'Crèchë recommandéieren, de Mondschutz unzedoen, um Wee dohin, am Haff. Neen, dat wäert et net sinn."
Wat d'Spillschoul ugeet, gëtt a klenge Gruppe geschafft, dat heescht, mat hallwer Klass, déi eng Woch iwwert déi aner, ouni Vermëschung. Et soll ee vill erausgoen. Banne soll d'Material propper gehale ginn.
Zur Spillschoul hätt et och ganz vill Froe ginn:"Dat sinn, denken ech, verständlech Suergen, déi mer och eescht sollten huelen. Et ass e ganz natierlecht Gefill bei ganz ville Mënschen a bei ganz villen Elteren, dass se hir Kanner - besonnesch hir kleng Kanner - dach beschützt wëlle wëssen an dofir war et mir besonnesch wichteg, vu d'Komplexitéit vun där dote Situatioun, vu och déi vill Suergen an Ängschten, déi ech ganz kloer gespiert hunn, fir ganz vill ze consultéieren, fir breet ze consultéieren an dat net nëmmen, wéi mer et vläicht och bei deenen aneren Instanze gemaach hunn, eis do op d'Avise vun enger Direction de la Santé ze limitéieren."
An d'Schoul ze goen, wär och wichteg fir déi Kanner, déi doheem net Lëtzebuergesch schwätzen. Wann d'Spillschoul net méi ugefaangen hätt viru Mëtt Juli, dann hätten dës Kanner eis Sprooch 6 Méint laang net geschwat, woubäi awer grad déi éischt Joren do essentiell sinn als Basis.
Doriwwer eraus hätt een zum Beispill och Fuerscher consultéiert, déi gesot hätten, dass et kee grousse Risiko vun enger Verbreedung vum Virus duerch d'Kanner gëtt. Et wär donieft fir si wichteg gewiescht, nees Kontakt mat hire Komeroden ze hunn.
Keng Mask, am klenge Grupp schaffen, sech net vermëschen a vill eraus an d'Loft goen, dat sinn och Prämisse fir d'Crèchen. Fir Kanner, déi bis de 25. Mee manner wéi 4 Joer hunn, ass den Elteren iwwerdeems de Choix iwwerlooss, ob si weider vum Congé pour raisons familiales wëlle profitéieren, well et fir jidderee besser wär: "d'Elteren decidéieren dat, wéi dass finalement ee sech an der Crèche misst aschreiwen an d'Crèche géif dann decidéieren, wien eng Plaz kréich." Dëse Congé kéint bis de 15. Juli geholl ginn a sou wéi ee wéilt.
Wat d'Kompetenzzentere betrëfft, gëtt et Limitatiounen: "Ënnert anerem bleiwen zum Beispill déi spezifesch Ateliere bis d'Enn vun dësem Schouljoer all zou." Woubäi een d'Klassen hei net deele misst, well d'Gruppe scho ganz kleng sinn. Dës Schüler kéinten deemno all Dag an d'Kompetenzzentere kommen. E Mond- an Nuesschutz missten, nieft dem Personal do, awer nëmmen déi Schüler undoen, déi deen och selwer ausgedoe kréien.
Fir déi jéngste Schüler soll d'Schoul a klenge Gruppe funktionéieren, déi no banne méi op an no bausse méi zou solle sinn. D'Elteren an d'Léierpersonal ginn do am Detail informéiert. De Precoce bleift fakultativ.
De Claude Meisch huet e puer mol ënnerstrach, dass Kanner vum Coronavirus manner betraff si wéi déi Grouss.
D'Zil vun der Reprise huet de Claude Meisch sou definéiert: "Op alle Klassen dëst Schouljoer sou gutt wéi méiglech kënnen ofzeschléissen, fir am nächste September bei der Rentrée eben op enger zolitter Basis kënnen opzebauen. An dat gëllt vum Cycle 1 an der Schoul bis d'Premièren an dat gëllt eben och, awer anescht, an de Kompetenzzenteren. An ech si wierklech besonnesch frou, dass mer et hikréien, fir jidderengem grad souvill Stonnen an der Schoul kënnen ze assuréieren an dass mer do net hu missen eng Prioritiséierung virhuelen."
Et wär vill Engagement an Improvisatiounstalent néideg gewiescht, mä déi waren do, huet de Minister betount.
