
An der Nuecht op den 19. Mäerz ass enger Policepatrull op der Tréierer Autobunn e Gefier opgefall, dat mat erhéichter Vitess ënnerwee war. A Richtung Stad war de Chauffer zäitweis mat 160 Kilometer an der Stonn ënnerwee, an och am Zensser Tunnel vill méi séier, wéi déi do erlaabten 90 Kilometer an der Stonn.
Nodeems d’Beamten d’Verfollgung opgeholl haten, konnt den Auto am Beräich vum Rond-point Iergäertche gestoppt gi fir eng Kontroll. Géint de Chauffer sinn e provisorescht Fuerverbuet an e Protokoll erstallt.