Viru ronn engem Joer gouf Lëtzebuerg vu schroen Iwwerschwemmungen iwwerrascht. Vill gouf zënterhier iwwer d’Verbesserung vu präventive Moossnamen diskutéiert. E Méindeg Moien hunn déi zoustänneg Autoritéiten a Presenz vun der Ëmweltministesch Joëlle Welfring adaptéiert Konzepter presentéiert, fir an Zukunft besser preparéiert ze sinn.
De Rendez-vous war op enger Plaz, déi zejoert schlëmm betraff war, nämlech zu Hesper, wou d’Uelzecht vill Schued ugeriicht hat. Héichwaasser wier en natierlecht Phänomen a prinzipiell net z’evitéieren, seet de Claude Schortgen, Expert vun der Waasserverwaltung: “Héichwaasser ass et schonn ëmmer ginn an der Vergaangenheet a wäert et och ëmmer ginn an der Zukunft. De Reen kënne mer amfong net steieren an och net verhënneren, datt et zu Iwwerschwemmunge kënnt. Wat mer awer kënne maachen, dat si Moossnamen treffen, déi d’Schied, déi bei Héichwaasser entstinn, sou gutt wéi méiglech ze reduzéieren.”
An der Vergaangenheet sinn et sou Moossname-Pläng scho ginn. Allerdéngs mussen déi ëmmer weider ausgebaut ginn. “Dës Drécheperioden an awer och d’Zounam vu staarke Reefäll, eenzelen Staarkreennidderschléi, déi ganz gären en Zeeche si vun eisem Klimawandel, wat wierklech aus dem Fonctionnement geréit. Dat ass net méi ze niéieren. Et ass wichteg, datt mer do weider drop awierken, sou datt mer eis Zäregasemissioune wëlle reduzéieren, eis un de Klimawandel unzepassen. Eben, mat enger besserer Organisatioun vun eise Wunngebitter, bessere Previsiounsmechanismen, déi mer eis och probéieren ze ginn, da kënne mer alleguerten eppes dozou bäidroen”, sou d’Joëlle Welfring.
Well et den absolutten Héichwaasserschutz net gëtt, soll vun engem Héichwaassermanagement geschwat ginn. D’Iwwerschwemmungsgebitter géif een zu Lëtzebuerg kennen. De Volet Starkreen soll méi an de Fokus gesat ginn. Et wier een amgaangen, entspriechend Kaarte mat de Gemenge weider auszebauen, sou de Claude Schortgen. Déi Kaarte fënnt een op geoportail.lu.
Et ginn och Appen ausgeschafft, fir d’Leit méi séier ze warnen, wann et zu engem Héichwaasser kënnt. Den Alerte-System gëtt jo an deem Kontext iwwerschafft.
Ganz wichteg wier, datt effizient mat de Gemengen zesummegeschafft gëtt. All Gemeng soll ee Preventiounsplang prett hunn, am Fall vun Héichwaasser. De Claude Schortgen erkläert: “Mir waren an enkem Kontakt mat deene meeschte Gemengen, déi relativ staark betraff ware vum Héichwaasser. Mir haten do 51 Reuniounen. Dat waren zum Deel Eenzelreunioune mat den eenzele Gemengen, fir ze kucken, wou een hëllefe kann, wou de Problem ass direkt no der Iwwerschwemmung, dat waren awer och Treffe mat de sougenannten Héichwaasserpartnerschaften.”
Zum Beispill ass mat der Gemeng Berdorf ee Projet amgaangen. Hei solle betraffe Leit en Objektschutz, also eng Zort Waasserbarrière kréien, fir datt d’Waasser net an d’Haus eraleeft.
Ganz vill Fotoen a Videoen: Héichwaasser an Iwwerschwemmungen uechter d’Land