
Dat äntwert déi nei Gesondheetsministesch Martine Deprez der ADR a si verweist op wëssenschaftlech Etüden.
Et géing keen Zweiwel dru ginn, datt d’Impfstoffer dozou bäigedroen hunn, datt d’Pandemie konnt kontrolléiert ginn, sou d’Ministesch weider. Leider géingen déi gewënschten Effekter vun enger Impfung awer net sou laang unhalen, wéi initial erwaart an d’Infektioun selwer kéint och net evitéiert ginn.
Dofir géing et bei der aktuell wéineg pathogener Virus-Variant kee Sënn maachen, eng ganz Populatioun duerch ze impfen. Wat ee geléiert hätt wier, datt bei sou enger sanitärer Kris d’Wësse ronderëm eng Krankheet sech progressiv opbaut.
Wärend der Impfcampagne wier kee psychologeschen Drock op d’Populatioun gemaach ginn an de Gesondheetsministère hätt transparent kommunizéiert, schreift d’Martine Deprez.
Déi nei ADR-Deputéiert Alexandra Schoos hat an enger parlamentarescher Fro suggeréiert, datt Lëtzebuerger Regierung an der Pandemie net alles richteg gemaach huet a si wollt dozou Detailer wëssen.