Zu Bierden an zu BounewegZwee presuméiert Autodéif gepëtzt a mat op de Policebüro geholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police e Sonndeg de Moien an hirem Bulletin matdeelt, goufen dëse Weekend direkt e puer Abréch an Autoe gemellt.
© Laurent Weber

E Samschdeg de Moie war et dem presuméierten Déif awer net gelongen, sech dervun ze maachen. Eng Nopesch hat an der Rue Nicolas Angelsberg zu Bierden matkrut, datt d'Alarmanlag vun engem geparkten Auto lassgaangen ass, an huet de presuméierten Täter observéiert. De Verdächtege konnt sech fir d'éischt duerch de Stëbs maachen, ma säi Gléck huet net laang gehalen. Hie gouf kuerz Zäit drop vu Beamte gestallt a gouf mat op de Policebüro geholl. Et gëtt elo ermëttelt, dat och am Zesummenhang mat aner Abréch an Autoen.

Zu Bäreldeng gouf et e Samschdeg dann och nach een Auto-Abroch an der Cité Grand-Duc Jean. Éischten Informatiounen no huet den Täter déi hënnescht Scheif vum Auto mat engem Steen ageschloen an huet ënnert anerem ee Liedersrucksak, Mënz an Zigarette matgoe gelooss.

E Sonndeg de Moie gouf et dann nach een Tëschefall zu Bouneweg, wou der Police vum Terrain vun engem Auto-Haus op der Route de Thionville een haart Knuppe gemellt gouf. Ee Mann mat engem Rucksak gouf dobäi gesinn, wéi hien déi hënnescht Fënster vun engem Auto soll ageschloen hunn. No enger kuerzer Sich haten d'Beamten och hei een Erfolleg ze verbuchen an de presuméierten Täter gouf mat op de Policebüro geholl.

An alle Fäll lafen d'Ermëttlungen. Wat Dir kënnt maachen, fir ze evitéieren, datt an Ären Auto agebrach gëtt, kënnt Dir hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO