
An der rezenter Etude iwwert d’Fëmmen zu Lëtzebuerg koum eraus, dass 31 Prozent vun de Leit zu Lëtzebuerg reegelméisseg oder heiansdo fëmmen, bei de Leit tëscht 16 a 24 sinn et 41 Prozent, déi fëmmen.
D’Zuel vun de Fëmmerte géing net onbedéngt erofgoen, seet d’Margot Heirendt, Directrice vun der Kriibsfondatioun. Vill Gedanke géing ee sech bei den neien Nikotin-Produite maachen: “Wou mir elo gesinn, dass effektiv déi Jonk sech dovunner ugezu spieren, an dat ass fir eis natierlech eng zousätzlech Porte d’entrée, fir dann nach op d’Zigarett ëmzeklammen.”
An dëse Produiten ass dacks eng héich Dosis un Nikotin, wouduerch de Konsument vill méi séier eng Sucht kéint entwéckelen. Dëst géing dozou féieren, dass d’Persoun et ëmmer méi dacks brauch, bis se schlussendlech ofhängeg ass, esou d’Margot Heirendt: “An dann hu mir nach net genuch Studien doriwwer, wat dat mat der Gesamtgesondheet mécht. Mir wëssen net, wat Vapes op de Longe fir Probleemer mécht. Oder soss, ech weess, dass fir déi Jonk, wann se e staarken Nikotin hunn, och um Niveau vum Gehier grouss Probleemer sinn.”
Am Kader vun der globaler 'Stratégie de génération sans tabac' si 6 Mesurë virgesinn, déi och vun der Kriibsfondatioun envisagéiert ginn:
-De Präis vum Tubak an änleche Produite soll all Joer an d’Luucht goen
-Déi Jonk Leit solle sensibiliséiert ginn, fir keen Tubak ze consomméieren
-All Form vu Publicitéit soll verbuede ginn
-D’Disponibilitéit vun Tubak-Produite soll reduzéiert ginn
-Déi sougenannte “Passivraucher” sollen effikass geschützt ginn
-D’Ophale mam Fëmme soll ënnerstëtzt an encadréiert ginn
Fir d’Lycéeë gëtt et zum Beispill en 'Tabak-Koffer': Dësem säi Contenu soll Diskussiounen an der Schoul vereinfachen, soudass den Tubak-Konsum kann thematiséiert ginn, op informativ a preventiv Aart a Weis.
Deel vun der globaler Strategie ass och de Projet 'Communes sans tabac', fir d’Passiv-Fëmmen an der Gemeng ze reduzéieren, andeems zum Beispill tubak-fräi Evenementer organiséiert ginn. Ganzer 21 Gemenge sinn entretemps un dësem Projet bedeelegt.
Ronn d’Hallschent vun de Fëmmerten zu Lëtzebuerg wéilt gär ophalen; gratis Consultatioune gi bei der Fondatioun ugebueden, ma hei am Land wier et allgemeng net esou evident fir opzehalen, esou de Lex Schaul, Professionel de santé publique bei der Kriibsfondatioun: “Aktuell ass et esou: Déi meescht Leit probéieren dat selwer. Studie weisen awer, wann se professionell Hëllef kréien a gutt encadréiert ginn, da sinn déi Chance vill vill méi héisch, dass et och engem geléngt fir opzehale mat Fëmmen. Mir hunn net vill Acteuren, déi dat ubidden, a mir hunn net, esou wéi an anere Länner, net wierklech eng Struktur.”
Gläichzäiteg sinn d’Präisser hei niddreg am Verglach mat anere Länner. D’Leit kommen aus dem Ausland heihi fir hir Zigaretten ze kafen, well auswäerts d’Präisser geklomm sinn. D’Margot Heirendt seet: “Dat heescht, mir hunn no baussen den Numm, an dat hu mir och d’lescht Woch gemierkt well do ware mir zu Mailand op enger European Conference on Tobacco, wou eng 900 Kolleegen zesummekomm sinn. Dat ass e reelle Virworf vun deene Leit, déi eis soen, mir wieren den ‘Tobacco-Shop’ vun Europa, wéi een dat seet. A mir géifen esouguer de Kriibs exportéieren.” Et misst ee méi op de Gouvernement duergoen. “Mir mussen zesummen als Europa dee Probleem behandelen.”
De Präis wier ze niddreg zu Lëtzebuerg a misst onbedéngt an d’Luucht gesat ginn. “Vun der Regierung gëtt oft gesot, mir brauchen déi Taxe fir de Revenu. Et huet awer och kloer bewisen, zum Beispill och a Frankräich, déi sinn extreem mam Präis an d’Luucht gaang, an de Revenu, also d’Taxen, et si méi Suen an d’Staatskeess komm. Dat ka keen Argument sinn. Fir eis ass et éischter dann esou eng Win-Win Situatioun.”
Um internationalen Dag solle grad Jonker iwwert d’Marketingstrategië vun der Industrie informéiert ginn, an och iwwert den allgemenge Verbrauch vun Nikotinproduiten. Well dem Observatoire National de la Santé vu Lëtzebuerg no kann den Tubakkonsum zu 11% vun den Doudesfäll liéiert ginn.