Wärend et awer op der Schoulfoire éischter ëm Kueren, Schoulmaterial, Formatiounen an Ausbildungsstrukture geet, dréit sech de Kannerfestival komplett ëm déi non-formal Bildung. Also alles dat, wat Kanner a Crèche, a Maison Relais a bei Dageselteren zum Beispill léieren an erliewen.
Op iwwer 20 Stänn goufen am Gronn ronn 60 Atelieren ugebueden. Aktivitéiten zum Thema Theater, Handwierk a Wëssenschaft bis hin zu Bastel- a Spillworkshoppen, grad ewéi och Mini-Konferenzen. De Festival soll de Visiteuren en Abléck an déi non-formal Bildung ginn a se och vläicht inspiréieren, fir änlech Aktivitéiten doheem mat de Kanner ze maachen.
Am Duerchschnëtt si ronn 65 Prozent vun de Kanner zu Lëtzebuerg an enger Crèche oder Maison Relais ageschriwwen. Et wéilt een déi non-formal Bildung nach méi bekannt maachen, erkläert de Marco Deepen vun der Generaldirektioun vum "Secteur de l’enfance", deen dem Educatiounsministère ënnerläit:
"Mir sinn amgaangen, eis ze empanzipéieren. Och ze weisen, mir sinn zesumme mat der Schoul, maache mir e Gesamtpaket aus. An der Schoul gi Kompetenze geléiert - rechnen, schreiwen, liesen asw. An an der non-formaler Bildung ginn dann eben aner Kompetenzen opgebaut an entwéckelt, déi och wichteg fir d’Liewe sinn, wéi Kommunikatioun, Kreativitéit, Zesummenaarbecht, Participatioun. Dat léieren d’Kanner, déi sozial Kompetenzen, an der non-formaler Bildung."
Um Samschde goufen an der Abtei Neimënster eng 5.200 Visiteure gezielt. Um Sonndeg louch ee bis d’Mëttesstonn bei ronn 1.200 Leit. De Kannerfestival ass den Optakt vun der Kannerwoch, déi bis de 5. Juni leeft a wärend där ënner anerem Porte-ouverten an de Betreiungsstrukturen uechtert d’Land organiséiert ginn.