
Géint 2 Auer an der Nuecht op e Sonndeg huet eng Policepatrull an der Grand-Rue zu Esch probéiert, e Gefier ze kontrolléieren. De Chauffeur huet dëst allerdéngs ignoréiert an ass geflücht.
D'Police huet direkt mat bloe Luuchten d'Poursuite opgeholl, huet de Kontakt mam Gefier awer verluer. Kuerz drop konnt eng aner Patrull den Auto nees lokaliséieren, nodeems et op der Kräizung tëscht der Rue de Belvaux an der Rue Jean-Pierre Michels haart geknuppt huet.
Wéi sech op der Plaz erausgestallt huet, war d'Gefier mat zwee aneren Autoen an engem Bus kollidéiert, eng Persoun gouf dobäi blesséiert. De Chauffer ass zu Fouss weider geflücht, konnt awer kuerz drop op der Place des Franciscains vun enger anerer Policepatrull opgegraff ginn.
Beim Chauffer goufen et Unzeeche vun héijem Alkohol- a méiglechem Drogekonsum. Bei enger sich goufe verbuede Substanze fonnt, weider hat de Mann och schonn e Fuerverbuet.
Op Uerder vum Parquet gouf de Chauffer festgeholl. Hien huet um Sonndeg Rendez-vous mat engem Untersuchungsriichter an et gouf zousätzlech en neit Fuerverbuet ausgeschwat.
Géint 6 Auer e Samschdeg hu Policebeamten an der Rue Ernie Reitz zu Esch e klenge Grupp Leit virun engem Lokal bemierkt, vun deenen zwee Männer am gaange waren, sech géigesäiteg ze stoussen. Wéi d'Police agegraff huet, soll sech ee vun dëse Männer wéineg kooperativ gewisen hunn an ass dofir kontrolléiert ginn.
Bei der Kontroll gouf eng gréisser Quantitéit u verbuedene Substanze fonnt. Op Uerder vum Parquet goufen dës an och dem Mann säin Handy saiséiert.
No enger medezinescher Kontroll ass de Mann an den Arrest komm.
Am Nomëtteg huet och eng Policepatrull am Garer Quartier zwee Männer bemierkt, déi unenee gerode waren. Ee vun de Männer soll däitlech ënner Alkoholafloss gestanen hunn a wollt net mat der Police kooperéieren.
Hie gouf doropshin op de Policebüro bruecht, wou hien no enger medezinescher Kontroll e puer Stonnen am Passagearrest huet misse verbréngen.
An de fréie Moiesstonne vum Sonndeg gouf der Police eng weider Streiderei tëscht zwou Persoune virun engem Club an der Rue du Fort Neipperg op der Gare gemellt. Och nodeems d'Police op d'Plaz koum, hu sech déi zwou Persounen net berouegt, esou datt d'Beamten d'Männer hu missen immobiliséieren, wéi et am Bulletin heescht.
Ee vun de Männer hätt Blessuren am Gesiicht gehat a gouf duerfir fir eng medezinesch Behandlung an d'Spidol bruecht. Och do hätt hien net mat der Police kooperéiere wëllen a gouf duerfir an den Arrest bruecht.
Och déi zweet Persoun koum an den Arrest.