Observatoire ThérapeutiqueMedikamenter net richteg anhuelen, ka schlëmm Konsequenzen hunn

Monica Camposeo
Der Weltgesondheetsorganisatioun no hunn d'Hallschent vun de Leit mat chronesche Krankheete Schwieregkeeten, fir hir Medikamenter richteg anzehuelen.
Medikamenter net richteg anhuelen, ka schlëmm Konsequenzen hunn
Der Weltgesondheetsorganisatioun no hunn d’Hallschent vun de Leit mat chronesche Krankheete Schwieregkeeten, fir hir Medikamenter richteg anzehuelen.

Observatoire Thérapeutique - Reportage Sabrina Backes

Am schlëmmste Fall brieche Patienten esouguer hiren Traitement ganz of. Dëst ka verschidde Grënn hunn, sief et, dass Medikamenter einfach vergiess ginn, déi betraffe Persounen de Notzen dovunner net richteg verstinn oder net richteg vun der Wierksamkeet iwwerzeegt sinn.

Fir d’éischte Kéier gouf dëse Problem elo och zu Lëtzebuerg méi genee ënner d’Lupp geholl, dëst op Broschtkriibspatiente bezunn. Am grousse Ganze wier et wichteg, net nëmmen d’Patiente ma och d’Personal am Gesondheetssecteur iwwert de Problem opzeklären.

D’Catherine Goetzinger huet sech an hirer Dokteraarbecht op d’Verbesserung vun der Medikamentenadherenz am Beräich Broschtkriibs konzentréiert, also ob d’Patienten hir Traitementer richteg befollegen. “D’Leit wëssen net onbedéngt ëmmer, firwat se d’Medikament huelen an am Kader vun de Broschtkriibspatienten zum Beispill, wann se hir Hormontherapie no der Chimio, no der Radiotherapie, no der Operatioun maachen, da fille se sech dacks eleng gelooss a se wëssen net richteg, firwat se et huelen, wat den Impakt ass an d’Effektivitéit vum Traitement.”

© Monica Camposeo

Ma des Bedenke ginn et och bei anere Krankheete wéi Blutthéichdrock, Diabetes oder Asthma. Eng Nonadherenz kéint hei zu méi Hospitalisatioune féieren, well d’Medikamenter dann net richteg wierke kéinten. Am schlëmmste Fall kéint dat zu méi Stierffäll féieren, esou d’Generalsekretärin vum Syndikat vun den Apdikter Christiane Fell. Wann eng Persoun zum Beispill hiert Bluttdrockmedikament net hëlt, kann dat an e puer Wochen zu engem Hiereschlag féieren. Dowéinst wier et besonnesch wichteg, dass de Patient richteg informéiert ass a weess, wisou en dat Medikament soll huelen. An der Apdikt géing een och mierken, dass d’Patienten ëmmer nees vill Froen hunn a net wëssen, wéi si hir Medikamenter sollen huelen. Dat virun allem och, wann ee méi Medikamenter mateneen hëlt.

Dem Catherine Goetzinger no sollen dowéinst net nëmme Patiente, ma och d’Personal aus dem Gesondheetssecteur sensibiliséiert ginn an dat fänkt bei den Dokteren un. “Direkt hëllefe wär einfach dem Patient, wann en eng Diagnose gestallt kritt an eng Prescriptioun fir e gewëssen Traitement kritt, dass en informéiert gëtt, firwat en et hëlt, firwat et gutt ass an, dass dat och villäicht an der Apdikt nach eng Kéier opgeholl gëtt, dass en nach eng Kéier gefrot gëtt, ob en nach Froen huet an dann an de nodréigleche Consultatiounen déi Thematik vun der Medikamentenadherenz opzehuelen. Dass gefrot gëtt, wéi ass et mat ärem Traitement, gitt der eens domat, hutt der weider Froen...”

Fir d’Patiente kéint kuerzfristeg och ee sougenannten elektronesche Pillulier hëllefen. Dësen ass mam Handy gekoppelt a kann net nëmmen opzeechnen, wéini de Patient seng Medikamenter geholl huet, mä en och un déi nächst Dosis erënneren.

Back to Top
CIM LOGO