De Chantier ass net wäit ewech vun der Escher Autobunn, op der 3-Kantonsstrooss bei Wickreng.
Hannert dem Projet stieche wéi sou dacks de Felix Giorgetti a Kuhn Construction. Ëm déi 90.000 Meterkaree mat Wunnengen, enger Zone commerciale, Plaz fir Handwierk, e grousst Parkhaus, deier a rare Autoen, och soss Mobilitéiten an een Hotel mat 7 Stäck. De ganze Chantier erstreckt sech iwwer 3 Hektar.
Dobäi kommen aner Voleten, esou de Roland Lammar ze soen den CEO vum Site: “Mir géifen eis am léifsten u jiddweree wenden. Dofir soe mir och, dass mer inklusiv sinn an eis un all Gender adresséieren. Mer wëllen, dass fir jiddwereen eppes derbäi ass an dass d’Leit, wa se op der Autobunn fueren, soen: Komm mer fueren eraus, dat doten ass eppes fir mech.”

Et ass een den Ament op alle Fall am geplangten Timing: “Mir wëlle September 24. opmaachen. Mir sinn am Timing dran. Mer hunn och scho Reservatiounen. Mir si prett a maachen alles fir dass et klappt.”
Bal 100 Leit schaffen do um Bau. Nieft deem, wat sech iwwert dem Buedem deet, kënnt dat, wat drënner geschitt mat Kanalisatioun, Elektresch etc.
Ee Mega-Projet an Zäiten, an deenen et bis zu engem Drëttel u Main d’oeuvre feelt, besonnesch am Bau. Derbäi kommen Inflatioun an Enkpäss beim Liwwere vu Material.