D’Cybersécherheet ass eng grouss Erausfuerderung fir Europa an och fir Lëtzebuerg. Essentiell Strukture viru Cyberattacke protegéieren, dat ass Thema op enger grousser Konferenz iwwer Cybersecurity dës Woch. Zu Lëtzebuerg hätt d’Zuel vun esou Attacken an de leschte Joren zougeholl. Eng europäesch Regulatioun trëtt elo a Kraaft.
Et ass en Zenario wéi an engem Film. Viru knapp engem Joer gouf et eng Attack op den iresche Gesondheetssystem. Date goufe verschlësselt an e Léisegeld gefuerdert. Zu Dublin am Spidol goufen nëmmen nach Patienten an Urgencë behandelt. En anert Beispill: nach virun e puer Woche goufe Wandrieder an Däitschland attackéiert an hu misse vum Netz geholl ginn.
Och zu Lëtzebuerg hätt een ëmmer méi mat Ransomeware ze dinn, d’Strategie vun den Ugräifer huet allerdéngs geännert, esou de Steve Muller, Spezialist an der Cybersécherheet. Ëmmer méi géife virun allem grouss Entreprisë viséiert ginn. Duerch méi Télétravail ass allgemeng de Risiko vu Cyberattacke méi grouss ginn. Zu Lëtzebuerg stellt ee sech och drop an, datt ee sech fir Zukunft muss besser opstellen, esou den Direkter vum Institut Luxembourgeois de Régulation, Luc Tapella. Et wier een haut scho gutt opgestallt, ma d’Aart a Weis, wéi Hacker virginn, géif sech permanent änneren. Eng europäesch Direktiv soll hei hëllefen.
Fir de Premier sinn an Zukunft Cyberattacken eng vun de gréissten Erausfuerderunge fir d’europäesch Ekonomien.