Bis zu 1.000€Méi streng Strofen am Fall vu "Littering"

Christophe Hochard
Ënnert anerem en Zigarettestomp, deen een an d'Natur gehäit, soll geschwë mat enger Geldstrof vun 145 Euro bestrooft ginn.
Littering an der Natur
Et kennt een d’Biller vu kéipweis Dreck, deen einfach an d’Natur geheit gëtt: Al Miwwelen, Iwwerreschter vu Baumaterialien, elektresch Apparater...

Et kennt een d’Biller vu kéipweis Dreck, deen einfach an d’Natur geheit gëtt: Al Miwwelen, Iwwerreschter vu Baumaterialien, elektresch Apparater... Zum Littering, wéi dat genannt gëtt, gehéiert awer méi. Och d’Zigarett, déi een aus dem Auto geheit an natierlech och Verpackunge vun Iessen oder eidel Béchsen. Fir dee Phänomen an de Grëff ze kréien, ginn et an d’Zukunft méi streng Strofen.

Strofe wéinst “Littering” - Reportage Dany Rasqué

Aktuell leien d’Protokoller tëschent 24 an 250 Euro, jee nodeem, wat een ewechgeheit a jee nodeem, wou, explizéiert d’Simone Dengler, Chef vun der Kommunikatioun an der Ëmweltverwaltung: “Déi geleefeg Offäll, déi een ëmmer gesäit, Zigaretten, Béchsen, Fast Food, dat fält an eng gewësse Volume-Quantitéit. Dat sinn zwee Liter all Kéiers. Alles wat ënner zwee Liter ass, do bezilt een 145 Euro. Wann een déi Saachen an eng Baach gehäit oder soss éierens wou se mat Grondwaasser a Kontakt kommen, gëtt et direkt méi deier. Dat kascht da bis zu 250 Euro. Wann een dat net well bezuelen, geet d’Affär op d’Geriicht an do sinn da Strofe vu bis zu 10.000 Euro fälleg.”

An eng ganz aner Kategorie fale geféierlech Offäll, wéi Fässer mat Ueleg, Lack oder Faarwen, also Saachen, déi Mënsch an Ëmwelt schueden. Do geet et net méi mat engem einfache Protokoll duer, dat geet direkt op d’Geriicht, esou d’Simone Dengler.

De Littering soll an Zukunft nach vill méi streng bestrooft ginn. Et ass e Gesetz um Instanzewee, an deem virgesinn ass, datt d’Avertissement taxés op 145 bis 1.000 Euro klammen an et gëtt nach méi op de Volume gekuckt, vun deem, wat een ewech geheit: “Dat heescht all Zigarettestomp sinn 145 Euro. All eenzel Tut gëtt mat 250 Euro verrechent, wann een erwëscht gëtt. Aner illegal Offäll kommen, wéi bis elo och, viru Geriicht.”


Déi méi héich Strofen, ënnersträicht d’Nadine Bertrand aus der Ëmweltverwaltung, sinn e wichtegt Instrument am Kampf géint de Littering, awer net dat Eenzegt: “Mir hu jo an deenen neien Offallgesetzer och ganz vill Dispositiounen, déi dozou bäidroen, datt de Littering muss reduzéiert ginn. Doduerch, datt verschidden Artikelen entweder ganz verbuede ginn oder mussen ersat ginn duerch Méiwee-Léisungen oder duerch Saachen, déi vläicht méi ëmweltfrëndlech sinn.”

Zënter 2008 mécht d’Ëmweltverwaltung och reegelméisseg Miessunge vum Knascht, deen an d’Natur gehäit gëtt. Déi lescht ass vun 2015 a gëtt dëst Joer widderholl. D’Nadine Bertrand explizéiert, datt et wichteg ass, fir och genee ze kucken, aus wat de Knascht besteet, well an d’Zukunft och d’Produzente vun deene Produiten, déi fonnt ginn, mat an d’Responsabilitéit geholl ginn an en Deel vun de Käschte vum Littering mussen iwwerhuelen.

Back to Top
CIM LOGO