
De Réckruff betrëfft de 4er-Pak Focaccias mat Oregano (260 Gramm). Et besteet d’Méiglechkeet, datt Friemkierper am Produit sinn, an dësem Fall Glas. Déi betraffe Produite goufen tëscht dem 2. Februar an dem 29. Mäerz 2024 op verschiddene Plazen am Land verkaf. Si hunn e Mindesthaltbarkeetsdatum vum 8. Oktober 2023 bis 24. Abrëll 2024.