Investitioun fir Militär-InfrastrukturEn DAP, fir datt den Déngscht an der Arméi méi ewéi eng Linn am CV ass

François Aulner
Fir d’Arméi méi attraktiv ze maachen, huet d’Regierung de Solde vun den Zaldoten ëm 530 Euro de Mount eropgesat a se investéiert méi an d’Militär-Infrastruktur.
© Domingos Oliveira

Elo ass nach en neien DAP d’agent polyvalent de l’Armée agefouert ginn, esou d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes an den Educatiounsminister Claude Meisch e Freideg op enger Pressekonferenz.

Mat dësem DAP (diplôme d’aptitude professionnelle) kréien Zaldotinnen an Zaldoten alles, wat se um Härebierg an doriwwer eraus wärend hirem Déngscht geléiert hunn, unerkannt. Vun den dräi Joer fir en DAP kréie se zwee unerkannt a musse just nach ee Joer drunhänken, fir et mat deem ze komplettéieren, wat fir d'Beruffsliewen no der Arméi néideg ass. Beispill: Ëmfang, Logistik, Sécherheet, Administratioun.

Den DAP wier, fir datt alles, wat um Härebierg gemaach gouf, "méi ewéi eng Zeil am CV ass", esou de Fränk Fries, Direkter vum Lycée technique vun Ettelbréck, wou och d’Arméi-Schoul ass. D’Yuriko Backes huet vu "Valorisatioun" geschwat. Fir de Claude Meisch wier et eng "duebel Chance" an zwar fir eng Valorisatioun vun deem, wat een an der Arméi geléiert huet an duerno dat z’ergänzen, fir an der Beruffswelt Fouss ze faassen. Et wier awer och nach eng aner Chance fir d’Allgemengheet fir den Zaldote "Merci ze soen".

11 Kandidaten hunn dëst Joer schonn den DAP ugefaangen. De Claude Meisch huet präziséiert, datt och dësen DAP Accès zur Carrière C1 beim Staat gëtt. D’Yuriko Backes huet ergänzt, datt e Véierel vun den Zaldoten no hirem Déngscht en Job bei der Arméi fannen, bal en Drëttel beim Staat a bal 10% am Privatsecteur. Dat si 70%, fir déi aner feelen d’Informatiounen.

Back to Top
CIM LOGO