Hausse vun 20 bis 30 Cent méiglechMëllechproduite gi geschwënn däitlech méi deier

Pit Everling
Monique Kater
De Mëllechmaart dréint an d'Präisdeierecht wäert sech och an de Regaler weisen. Bei de Mëllechproduite gi fir de Summer staark Präis-Haussë virausgesot.
Mëlllechproduite gi geschwënn däitlech méi deier
De Mëllechmaart dréint an d’Präisdeierecht wäert sech och an de Regaler weisen. Bei de Mëllechproduite gi fir de Summer staark Präis-Haussë virausgesot.

Mir hu bei Baueren nogefrot, wourunner datt et läit a wat si sech erwaarden. De Grond fir d‘Entwécklung op de Mäert sinn net just déi international Krisen, seet de Bauer Jeff Boonen. Mëllechproduite sinn de Moment immens gefrot an dat weltwäit, och ëmmer méi um asiatesche Marché. D‘Offer kënnt der Demande awer net no:

“Mer haten dréche Joren, also manner Fudderproduktioun an Europa, wat och dozou gefouert huet, datt manner Mëllech produzéiert gouf. Weltwäit ginn och d’Oplagen an d’Luucht, zum Beispill duerch Emissiounsziler a Waasserschutz.”

Mëllech gëtt méi deier / Reportage Pit Everling

Well de Präis jorelaang sou niddereg war hätten och Mëllechbaueren opgehalen, wat och en Impakt op d’Offer hätt. Wéi vill de Präis fir de Konsument wäert klammen, dat wier schwéier soen.

Vill Kontrakter ginn op sechs Méint gemaach. An de Supermarchéen dierften also spéitstens nom 1. Juli d‘Mëllechproduite méi deier ginn. Et kéint sinn, datt de Liter Mëllech dann 20 bis 30 Cent de Liter méi kascht.

No jorelaangen Niddereg-Präisser kënnen d’Baueren sech awer just zum Deel freeën. Bei der Mëllechproduktioun gëtt Energie verbraucht an déi héich Energiepräisser suergen nees fir héich Produktiounskäschten. Och Dünger a Fudder si méi deier ginn.

De Bauer Guy Diderrich: “Bei de Fudder-Käschte leie mer lo bei ronn 13 Cent de Liter Mëllech. Dat ass schonn e grousse Batz vun deem Ganzen.”

Dat gëllt fir Fudder, dat ee keeft. Zu Lëtzebuerg hätte vill Baueren awer nach Chance, datt se Fudder selwer kënne produzéieren, sou de Jeff Boonen.

“Sief dat Gras oder Mais zum Beispill. Well mer eng Géigend sinn, wou ee kompetitiv Mëllech ka produzéieren, kënne mer en Deel Profit aus dem héije Mëllechpräis zéien.”

Am Moment kascht d‘Mëllech fir de Konsument iwwregens tëscht 70 Cent an 1,50 Euro de Liter. De Bauer kritt aktuell dofir gutt 45 Cent.

Zu Lëtzebuerg gëtt fir den Eegegebrauch ze vill Mëllech produzéiert an dofir gëtt vill exportéiert. Allgemeng muss een d‘Entwécklung am Aen behalen, sou de Message vun de Baueren.

Back to Top
CIM LOGO