
En Donneschdeg de Mëtteg stoung an der Chamber ënnert anerem eng Froestonn um Programm. Een Thema war dobäi d'Zukunft vun de Büroe vun der Steierverwaltung zu Clierf an zu Wolz. Viru ronn engem Joer war duerchgesickert, datt déi sollten zougemaach ginn. Nodeems et vun der Lokalpolitik Géigewand fir déi Pläng gouf, hat de Finanzminister Gilles Roth annoncéiert, datt se net realiséiert géinge ginn. Et sollte par Konter op béide Plazen alternativ Sitte gesicht ginn, dat virop, well déi aktuell Raimlechkeeten fir Leit mat enger kierperlecher Beanträchtegung net gutt accessibel sinn. Den DP-Deputéierten André Bauler wollt en Donneschdeg de Mëtteg wëssen, wou déi Sich drun ass. De Gilles Roth huet erkläert, datt zu Wolz Enn dës Joers nei Raimlechkeeten opgoe sollen, dat am Kader vum Projet "Wunne mat der Wooltz". Zu Clierf ass een iwwerdeems nach net esou wäit.
"Do huet am Februar dëst Joer nach eng Visitt vun engem Gebai op der Plaz stattfonnt, et huet sech allerdéngs erausgestallt, datt dat Gebai net de Besoine vum Staat entsprécht, dofir ass zu Clierf d'Sich no engem alternative Site och nach net ofgeschloss, mee ech sinn optimistesch, datt och hei eng adequat Léisung wäert fonnt ginn. Eis Servicer stinn op alle Fall weider a Kontakt mat de Gemengeverantwortleche vun deenen zwou Gemengen, fir eng Léisung ze fannen."
De Finanzminister huet zudeem präziséiert, datt Enn 2027 respektiv spéitstens 2028 een neie Steierbüro zu Housen opgoe wäert.
Een anert Thema war d'Bekämpfung vun der Nilgäns, déi sech zanter enger Rëtsch Joren op enger ganzer Partie Plaze verbreet huet an als invasiv Aart eng Gefor fir d'Biodiversitéit ass. Hei wollt den CSV-Deputéierte Ricardo Marques wëssen, wat géint d'Verbreedung vun deene Vigel geplangt ass. Den Ëmweltminister Serge Wilmes huet geäntwert, datt an Zukunft Beamte vun der Ëmweltverwaltung d'Méiglechkeet solle kréien, fir d'Nilgänsen ofzeschéissen, genee wéi och d'Jeeër, dofir missten awer nach Ännerungen um Juegdgesetz virgeholl ginn.
Den DP-Deputéierte Marc Hansen wollt da wëssen, ob Lëtzebuerg och an Zukunft beim Eurovision Song Contest deelhuele wäert. Déi lescht Woch hat d'Eva Marija et mam Lidd "Mother Nature" jo net an d'Finall vum ESC gepackt. De Premier- a Medieminister Luc Frieden huet erkläert, datt d'Regierung un der Lëtzebuerger Participatioun beim ESC festhale wëllt. Aktuell lafen d'Verhandlunge mat deene verschiddenen Acteuren, déi de Luxembourg Song Contest, also de Lëtzebuerger Virentscheed organiséieren an hien hätt dem Kulturminister Eric Thill mat op de Wee ginn, datt séchergestallt misst sinn, datt déi national Musekszeen staark agebonne gëtt.
D'LSAP-Deputéiert Francine Closener huet hirersäits dorobber higewisen, datt d'Gewalt ënnert Jonken ëmmer méi zouhëlt. Sou wieren zum Beispill rezent eng Partie Schüler aus engem Mierscher Lycée an och deels hier Elteren um Schoulwee sou schlëmm zesummegeschloe ginn, datt se an der Klinik hu musse behandelt ginn. Virun deem Hannergrond wollt si wëssen, wat ënnerholl gëtt, fir d'Affer ze schützen an d'Täter zur Rechenschaft ze zéien. Eisen Informatiounen no handelt et sech ëm de Lycée Ermesinde. Elteren hate sech an hirer Verzweiwlung un RTL geriicht a vu quasi alldeeglecher Gewalt geschwat. Den Educatiounsministère huet antëscht reagéiert.
De Minister Claude Meisch huet an der Chamber gemengt, datt d'Schoul generell ee Spigelbild vun der Gesellschaft wier an dowéinst och do Gewalt present wier. Wat de konkrete Fall vu Miersch ugeet, hätt et iwwerdeems Konsequenze ginn. "Déi concernéiert Schoulen, et waren net onbedéngt d'Täter, déi aus där Schoul komm sinn, wou de Spot lo drop geriicht ass, et waren éischter d'Affer, déi aus där Schoul zu Miersch komm sinn. Déi aner Schoulen hunn hir Responsabilitéit geholl a sinn disziplinaresch géint déi Schüler do virgaangen, hunn dat awer och mat där Schoulcommunautéit thematiséiert, fir ganz kloer ze maachen, datt dat doten inakzeptabel ass an datt dat och zu Konsequenze ka féieren a muss féieren."
D'Thematik géing deemnächst och mat deene concernéierte Schüler zu Miersch beschwat ginn.