Op FacebookMental Gesondheet am Mëttelpunkt vu Live-Event vun der Santé

RTL Lëtzebuerg
Wat kann ee maachen, wann een no zwee Joer Pandemie Problemer huet, fir mat Leit ze interagéieren?

Hannerléisst d’Corona-Pandemie en Trauma an der Gesellschaft? A wéi soll ee sech am Beschte verhalen an enger Zäit, wou et awer nach ëmmer schwiereg ass, eppes ze plangen?

Ënnert anerem déi Froe kruten de Virolog Dokter Thomas Dentzer an de Psycholog Dokter Charel Benoy wärend engem Live-Event iwwer Facebook gestallt.

Ee wichtege Message, deen d’Leit mat op de Wee kruten, war deen, datt se sech net isoléiere sollen.

Wann et engem an der Lescht méi schwéier fält, fir mat Leit ze interagéieren, ass dat, wéi den Dokter Charel Benoy seet, am Fong normal.

Sozial Interaktioune gehéieren zu eisem Liewen, mä mir spieren alleguer och, méi oder manner, Onsécherheete bei sozialen Interaktiounen. Wa mer laang keng haten, et erënnert ee sech vläicht zeréck, wann ee laang an der Vakanz war oder fréier no der grousser Vakanz, den éischten Dag erëm an d’Schoul gaangen ass, da war een e bëssen opgereegt. Hei ass dat am Fong och normal, datt mer bëssen aus deem Rhythmus erauskomm sinn an eng sozial Interaktioun bedeit ëmmer och bësse Stress.

Sozial Interaktioune wëllen ze vermeiden, dat wier falsch. Den Expert réit, Strategien ze entwéckelen, vläicht lues a lues erëm méi Kontakt mat Leit ze hunn.

An enger anerer Fro goung et drëm, wéi ee kéint d’Nervositéit an de Grëff kréien, déi zënter enger Zäit méi present wier wéi am Ufank vun der Pandemie. Déi Nervositéit, seet de Charel Benoy, wier Ausdrock vun der Energie, déi mer mussen opbréngen, fir eis der Situatioun unzepassen.

Mir vergläichen eis Situatioun haut nach dacks mat der Situatioun virun der Pandemie, dat ass natierlech e Verglach, deen net méi ganz zoutrëfft. Mir musse probéieren dat opzeginn, fir datt mer kënne lassloossen an eis op déi nei Situatioun kënnen aloossen. Dat hëlleft heiansdo, den ënnere Stress ofzebauen.

Den Dokter Charel Benoy huet keen Zweiwel drun, datt d’Pandemie eis gepräägt huet, heiansdo op eng positiv Manéier, hien nennt d’Méiglechkeet vu méi Homeoffice, gepräägt awer och op eng schwiereg Manéier.

Trauma heescht jo effektiv eng prägend Erfarung. Et kann een awer och eng Trauma-Veraarbechtung maachen. Dat heescht, kucken, wat een aus där Erfarung léiert a wéi kann ech mech, no där traumatescher Erfarung, deenen neie Gegebenheeten upassen.

Wann no der akuter Phas vun der Pandemie Mesurë géife falegelooss ginn, da kënnen déi Leit Problemer kréien, déi Angscht virum Virus hunn a sech bis elo duerch déi sanitär Mesurë geschützt gefillt hunn.

Op alle Fall wier et wichteg, sech Hëllef ze sichen, wann een d’Gefill hätt, datt dat néideg wier. Et wier wichteg, datt ee sech dat géif trauen....léiwer ze fréi wéi ze spéit.

Back to Top
CIM LOGO