JugendparteienMesurë géint Logementskris ginn net duer!

Anne Wolff
Et ass ee vun de gréisste Problemer hei am Land an dat zemools fir déi Jonk, déi nach kee Fouss an der Dier hunn: Rieds geet vum Logement.
Mesurë géint Logementskris ginn net duer!
Et ass ee vun de gréisste Problemer hei am Land an dat zemools fir déi Jonk, déi nach kee Fouss an der Dier hunn: Rieds geet vum Logement.

Kuerz virum Enn vun der Legislaturperiod hu sech déi véier Jugendparteien vun CSV, Déi Gréng, LSAP an DP zesummegedoen, fir hir Fuerderungen un d‘Regierung an dem Dossier ze presentéieren.

D‘Logements-Kris wier um Héichpunkt an et wier wichteg, dass Jonker weiderhin Accès op eng Wunneng hätten. D‘Regierung hätt an dem Dossier nach net genuch gemaach.

De Staat misst deemno 1.500 Wunnengen en voie de construction opkafen zu engem raisonnabele Präis. Dat, fir Chômage am Bausecteur z‘evitéieren a gläichzäiteg e Bestand un abordabelem Logement opzebauen.

Donieft misst d‘Mobiliséierungssteier fir eidel Terrainen an d‘Luucht gesat ginn a méi séier gräifen. Eropsetze misst een och d‘Staatsgarantie, déi de Staat bei engem Immobiliëprêt gi kann, wann ee selwer keng Moyenen dofir huet: Aktuell läit déi bei maximal 153.000 Euro. Dat géing awer den aktuelle Präisser net entspriechen, well déi Garantie d‘Präisentwécklung vun den Terrainen net consideréiert, mee no de Präisser vum Baumaterial indexéiert gëtt.

Ausserdeem misst een de Bëllegen Acte eropsetzen, vun 30.000 op 50.000 Euro. Och d‘Uewergrenz fir bëllege Steiersaz, den Taux super reduit vun 3% misst däitlech gehuewe ginn. Amplaz bis 50.000 Euro misst e bis 125.000 Euro gëllen.

Eens ass ee sech, dass de private Kaf weiderhi méiglech si muss, allerdéngs misste privat Keefer par Rapport zu den Investisseure duerch déi proposéiert Mesure Virdeeler kréien.

Et hofft een, nach virun de Walen en oppent Ouer bei der Regierung ze fannen.

PDF Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO