Soin-Secteur vs Covid-19Mesurë vum Chômage partiel bäizebehalen, ass kruzial fir déi nächst Méint

RTL Lëtzebuerg
Coiffeuren oder Beauty-Salone lafen nees zanter dem 11. Mee, wann natierlech och ënnert den néidegen Hygiènesrestriktiounen.

D'Reouverture wier awer bis ewell gutt gelaf, sot eis d’Presidentin vum Jonken Handwierk, déi selwer e Schéinheetsinstitut bedreift. D'Alexa Ballmann hat sech 2011 selbstänneg gemaach mat hirem Institut de beauté an ass zanter Mee zejoert och Presidentin vum JHL, dem Jonken Handwierk.

D'Reouverture an hire Salone wier positiv verlaf, dat och well d'Clientë vill Versteesdemech géife matbrénge fir déi néideg nei Precautiounen.

"Et ass scho ganz gutt, de Client a Kenntnis ze setzen. Mer hunn dat och gemaach, dass mer hinne gesot hunn, dass de Client de Mask soll undoen, ier e bei eis erakënnt. Dann desinfizéiert de Client och seng Hänn, wann e bei eis erakënnt. D’Leit stelle sech och Froen, wéi dat mat de Precautioune genee geet an dat hu mer och mat hinnen um Telefon beschwat. Fir dass ee sech och méi sécher gefillt huet."

All Betrib muss natierlech selwer fir sech decidéieren, wéi eng Mesurë fir hiren Alldag néideg sinn.

D'Secteuren haten, zesumme mat der Handwierker-Federatioun, Recommandatiounen ausgeschafft, déi an engem Guide regroupéiert goufen.

Et wiere sech vill Gedanke gemaach ginn, seet d'Alexa Ballmann, an esou huet een och mat der Santé zesummegeschafft, fir déi detailléiert Richtlinne validéieren ze loossen, déi de Betrib dann op sech muss adaptéieren.

Kruzial fir déi nächste Méint wier iwwerdeems, dass d'Mesurë vum Chômage partiel kënne bäibehale ginn, well d’Auslaaschtung vun de Betriber ganz ënnerschiddlech wier:

"Et kann ee global elo net soen, ob wierklech Aarbecht do ass. Et ass net well elo Reprise ass, dass nees alles leeft wéi virdrun oder och wierklech Aarbecht do ass. Dofir ass et wichteg, dass de Chômage partiel weiderleeft. Dass de Betrib sech do kann organiséieren an d’Leit esou och hir Aarbechtsplaz kënne behalen".

An do ass dat lescht Wuert jo nach net gesprach.

De Premier hat d’lescht Woch annoncéiert, dass an Aarbechtsgruppen den Ament iwwert e Weiderféiere vun der Kuerzzäitaarbecht berode gëtt.

Back to Top
CIM LOGO